Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bierger:innen an Entreprisë solle vum 1. Januar 2025 u steierlech entlaascht ginn

Entlaaschtungen

Bierger:innen an Entreprisë solle vum 1. Januar 2025 u steierlech entlaascht ginn

Bierger:innen an Entreprisë solle vum 1. Januar 2025 u weider steierlech entlaascht ginn. Dat annoncéiert de Gilles Roth um Mëttwochmëtteg. Alles an allem verzicht de Staat duerch verschidde Mesuren op ronn eng hallef Milliard Euro pro Joer. De Finanzminister confirméiert, datt d’Steiertabell Ufank vum nächst Joer ëm weider 2,5 Indextranchë berengegt gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gilles Roth op PK | © Finanzministère play_arrow
Foto: Finanzministère

Eleng dës Moossnam wäert een Impakt vun 300 Milliounen Euro pro Joer am Staatsbudget hunn, huet de Gilles Roth virgerechent. De Finanzminister huet mat Beispiller däitlech gemaach, wéi eng Entlaaschtung déi geplangte weider Adaptatioun vum Steierbarème bréngt.

„Eng Famill mat zwee Erwuessene mat engem oder zwee Kanner an der Steierklass 2 mat engem Bruttoloun vu 75.000 Euro bezilt 2025 am Ganze 444 Euro manner Steieren.“

Gilles Roth: „Historesch Ënnerstëtzung“

Fir Elengerzéier:inne klëmmt de Steierkredit, a fir déi ganz Steierklass 1a mat zum Beispill Wittfraen a Wittmänner ginn et Entlaaschtungen, well déi steierbefreiten Tranche klëmmt.

De Finanzminister schwätzt vun enger “historescher Ënnerstëtzung” fir d’Leit aus der Klass 1a. An alle Steierklasse gëtt den net-qualifizéierte Mindestloun steierfräi.

Beim Kaf vun enger bestoender Wunneng kënne scho vum Steierjoer 2024 u méi Scholdzënsen ofgesat ginn, dat och bei Iwwerbréckungskreditter.

Entlaaschtunge sollen neien Opschwong bréngen

De Gilles Roth huet bei der Presentatioun betount, datt déi geplangten Entlaaschtung fir d’Leit a fir d’Betriber nei Dynamike géif schafen: "Neien Opschwong an neie Wuesstem“. D‘Entlaaschtunge géifen neie Konsum an nei Investissementer bréngen.

Den Entlaaschtungspak wier deemno och Deel vun enger ganzheetlecher Politik a keng "Comptabelsrechnung". Et wier en Investissement an d'Leit an an d'Betriber.

"An den neien Entlaaschtungspak steet fir ee Lëtzebuerger Modell vum Mateneen a virun allem vum soziale Fridden."

De Gilles Roth huet och confirméiert, datt d’Entreprisë vun 2025 un, ee Prozentpunkt manner Kierperschaftssteier bezuelen, an et och fir aktiv geréiert ETF-Fonge keng Taxe d’abonnement méi soll ginn. 

Regierungsrot huet de Pak ugeholl

Aner Mesurë fir d’Wirtschaft si méi eng héich Bedeelegungsprimm fir Mataarbechter:innen, manner Steiere fir sougenannten Talenter an eng nei Primm fir Jonker ënner 30 Joer.

Fir Grenzgänger:inne gëtt ee Steierkredit fir Iwwerstonnen agefouert.

De Pak mat de geplangte Steierentlaaschtungen ass haut vum Regierungsrot ugeholl ginn. Duerno huet de Gilles Roth d’Moossnamen aus dem Gesetzprojet an der Chamber-Finanzkommissioun virgestallt.

Weider Erklärunge vum Finanzminister ginn et da muer de Moien no hallwer aacht hei um Radio 100,7. Invité ass dann den CSV-Politiker Gilles Roth.

Lauschteren