Den Donald Trump ass trotz dem Attentat op Milwaukee gereest. Do fänkt den Owend de republikanesche Parteidag un, wou den Donald Trump offiziell als Presidentschaftskandidat vun de Republikaner wäert nominéiert ginn.
Den Donald Trump war gëschter um Sonndeg bei enger Walveranstaltung am Staat Pennsylvania vun enger Kugel um Ouer getraff a blesséiert ginn. Ee Spectateur koum ëm d'Liewen an zwee goufe schwéier blesséiert.
Den Attentäter, den 20-Joer alen US-Amerikaner Thomas Crooks, gouf vu Sécherheetsagenten erschoss. Säi Motiv bleift onkloer. Den FBI enquêtéiert a sot, bis elo géif et keng Indicë ginn, datt den Täter ideologesch motivéiert war. US-Medien no war hien als Republikaner am Walregëster agedroen. Hie soll och op d'mannst eemol un en demokratesche Grupp gespent hunn.