arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Besser géint méiglech Verstéiss géint den Déiereschutz agoen

1 Joer help@deier.lu

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Besser géint méiglech Verstéiss géint den Déiereschutz agoen

Zënter datt d’Mailadress help@deier.lu am Mee zejoert an d’Liewe geruff ginn ass, goufen et doriwwer am Ganzen 142 Meldunge wéinst dem Verdacht op de Verstouss géint den Déiereschutz. An 116 Fäll wieren opgrond vun enger Meldung och Visitte bei de concernéierte Leit doheem gemaach ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
(Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth)

Weider wier an 20 Fäll effektiv e Verstouss géint den Déiereschutz festgestallt ginn, esou d’Veterinärin Dr. Berit Majeres am 100,7-Interview. 

Déiereschutz wier een immens emotionaalt Theema, erkläert d’Veterinärin Dr. Berit Majeres, a wéi d’Zuele weisen, wier zum Gléck an deene meeschte Fäll kee Verstouss géint den Déiereschutz festzestellen. 

"Datt eeben emol vläicht Affären oder Meldungen dertëschent sinn, déi net onbedéngt wierklech sou sinn, wéi se gemellt waren, oder wou d'Leit mengen, et wierkt schlëmm an am Endeffekt stellt sech der Gott sei Dank raus, datt et awer net esou eng Situatiounen ass, wéi am Ufank gemengt."

Op déi richteg Informatioune kënnt et un

Iwwer Mail mellen d’Leit sech, mee fir datt hirem Verdacht kann nogaange ginn, ass d’ALVA, also Veterinärs- a Liewensmëtteladministratioun, drop ugewisen, déi richteg Informatiounen ze hunn, erkläert d’Veterinärin.

"Wéi zum Beispill, ëm wat fir eng Déieren et sech handelt, ëm wat et genau geet a virun allem wou déi Déiere sech befannen a wa méiglech wien de Proprietär vun den Déieren ass."

An deene mannste gouf Fäll express eppes falsch gemaach

Wann een déi Informatiounen hätt, da géif ee Veterinärsinspekter onugemellt sech d’Situatioun op d’Plaz ukucke goen.

"A wann dann eppes ze ännere wier, da schwätze mir mat hinnen a soen hinnen dann och jee no deem, wéi grav et ass oder och net, a wat fir engem Delai dat soll geännert ginn. An deene mannste Fäll ass et jo och esou, datt d'Leit elo express eppes net richteg maachen."

Dacks wieren d’Leit sech net bewosst, datt eppes net an der Rei wier, souwäit d’Erklärunge vun der Dr. Berit Majeres vun der ALVA.

De System vun der Mailadress hätt et d’Dieren opgemaach fir méi einfach a méi prezis engem Verdacht op Verstouss géint den Déiereschutz nozegoen.

 

play_arrow Lauschteren