D'Holz vun de futtisse Beem kann net méi integral recuperéiert ginn. Dat hänkt nämlech vun der Aart of wéi d’Beem beschiedegt goufen, seet d'Martine Neuberg, Cheffin vum Service des Forêts.
"Et huet ee Beem, déi gi mat der Wuerzel gedréckt. Et huet ee Beem, déi ginn einfach ofgerappt, déi si sou gesplittert. Et huet ee Beem, déi ginn ofgedréit, esou datt ee verschidde Situatiounen huet."
Et misst een ëmmer kucken, ob Beem "technologesch" nach kéinte genotzt ginn, oder net.
Weeër vum Reen ausgewäsch
Beem, déi ofgedréit goufen, wieren deemno just nach fir d'Hackschnitzelanlag gutt. Nieft de Beem goufen, virun allem am Süden, Buedemweeër beschiedegt. Duerch den enorme Ree goufen déi deelweis ausgewäsch.
Hei misst een elo op déi néideg Autorisatioune waarden, fir kënne mat der Reparatioun unzefänken, esou d'Martine Neuberg. Och privat Bëscher wiere logescherweis vum Schued betraff. Do gräift d'Verwaltung Proprietäre mat engem duebele Subsid ënner d'Äerm, wa si Bëscher erëm nei wëllen uplanzen a "si kréien och nach eng Part-revenue fir dat Holz, wat lo manner wäert ass, ausbezuelt".
Mëschbëscher bidde verschidde Virdeeler
Wéinst dem Klimawandel misst een och als Natur- a Bëschverwaltung preventiv Mesuren huelen. Esou planzt ee Mëschbëscher, well déi duerch déi ënnerschiddlech Bamkroune méi stuermresistent sinn. Mee de Virdeel iwwerdréit sech och ënner d’Äerd "well d'Wuerzelwierker vun de Beem ganz ënnerschiddlech sinn". An engem gemëschte Bestand wieren d'Beem méi komplementar.
Déi nächst puer Méint heescht et elo opraumen, uplanzen a Weeër nei maachen.
Text vum Ilana Joseph