arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Beschëllegter wollte mat Attentat-Droungen d'ëffentlech Uerdnung massiv stéieren

Däitschland

|
headphones

1 min

Beschëllegter wollte mat Attentat-Droungen d'ëffentlech Uerdnung massiv stéieren

Nodeems a ganz Däitschland Bommenalarmer agaange sinn, huet d‘Police elo eng Rei vu Perquisitiounen a Wunnengen a verschiddene Bundeslänner duerchgefouert.

headphones

1 min

EPA/JAN WOITAS | © EPA/JAN WOITAS
Däitsch Police (Foto: EPA/JAN WOITAS)

D‘Enquête riicht sech géint véier Beschëllegt, dorënner zwee Jugendlecher. Si sollen Honnerte vun Dro-E-Maile verschéckt hunn a mat Attentater op Garen, Schoulen an Akafszenter gedreet hunn. Ziel wier et gewiescht déi ëffentlech Uerdnung massiv ze stéieren.