Et ass rar, datt Bëscheef aus véier Länner zesummen esou ee Bréif publizéieren. Hannergrond sinn d’Europawalen am Juni.
“Dat Europa, fir dat mir opgeruff sinn ze wielen, muss ee Raum vun der Zukunft, der Partnerschaft an der internationaler Verantwortung sinn”, heescht et am 16-Säite laange Bréif, deen ënner anerem vum Kardinol Jean-Claude Hollerich ënnerschriwwe ginn ass.