arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbrand an der Forêt de Fontainebleau: Et ginn Hiweiser op Brandstëftung

Frankräich

|
reading time

1 min

Bëschbrand an der Forêt de Fontainebleau: Et ginn Hiweiser op Brandstëftung

Beim grousse Bëschbrand an der Forêt de Fontainebleau bei Paräis kéint et sech ëm Brandstëftung handelen. Dat sot de franséischen Inneminister Laurent Nuñez de Moien op der Plaz.

reading time

1 min

Forêt de Fontainebleau | © La Place Du Village, Facebook
Forêt de Fontainebleau (Foto: La Place Du Village, Facebook)

An engem Perimeter vun ongeféier engem Kilometer wiere ganzer 10 verschidde Plaze festgestallt ginn, vun deenen d‘Feier eventuell lassgaangen ass. Dat géif drop hindeiten, datt de Brand méiglecherweis express ausgeléist gouf. D'Enquête leeft.

De Brand huet bis elo ronn 800 Hektar Bësch zerstéiert. Iwwer 500 Pompjeeë si mat zwee Läschfligeren nach am Asaz.

D‘Autoritéite schwätze vun enger exzeptioneller Envergure. 

400 Pompjeeën a Läschfligeren am Asaz

Den Damp war iwwer eng Distanz vu ronn 20 Kilometer ze gesinn. Am Laf vun der Nuecht ware 400 Pompjeeën am Asaz. Fir d'éischte Kéier iwwerhaapt hu missen och am Norde vu Frankräich Läschfligere géint e Bëschbrand agesat ginn.

D'Feier ass nieft der Autobunn A6 ausgebrach. D'Strooss huet wéinst dem Bëschbrand zäitweis komplett misse gespaart ginn.