Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Fake Borders

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Berlinale: Lëtzebuerg ass mat zwou Koproductioune vertrueden

Film

Berlinale: Lëtzebuerg ass mat zwou Koproductioune vertrueden

Lëtzebuerg ass dëst Joer mat zwou Koproductiounen op der Berlinale vertrueden. Dat deelt de Lëtzebuerger Filmfong mat. "Black Tea", eng Koproductioun vun der Lëtzebuerger Firma Red Lion, Frankräich, Mauretanien an Taiwan, gouf fir déi offiziell Competitioun vun der 74. Editioun vum internationale Film-Festival zu Berlin selektionéiert.

auto_stories

1 min

Berlinale 2024 | © picture alliance/dpa | Jens Kalaene
Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene

Den zweeten ass den Animatiounsfilm "Fox & Hare Save the Forest“, eng Benelux-Koproductioun, wou Doghouse Films mat derbäi ass. Deen Animatiounsfilm ass an der Competitioun an der Sektioun "Generation Kplus", fir de jonke Public. D’Berlinale ass vum 15 bis de 25 Februar.