Belsch stoppt de Réckbau vun Atomreakteren a verhandelt iwwer staatlech Iwwernam
Déi belsch Regierung an den aktuellen Bedreiwer Engie goufe sech eens, datt Verhandlungen iwwer eng staatlech Iwwernam vun den Atomreakterensolle gefouert ginn, huet den belscher Premier Bart de Wever op X mat gedeelt.
Dëse Stopp vum Atomausstig soll garantéieren, datt de belsche Staat an Zukunft weiderhin all Optiounen huet, heescht et als Erklärung. Dat belscht Parlament hat zejoert schonn den Atomausstig réckgängeg gemaach.
Aktuell ginn et an der Belsch zwee Wierker mat jee siwe Reakteren. Déi riets Regierung vum Premier Bart De Wever hat zejoert ugekënnegt, et wéilt een nei Reaktere bauen.