search

/ Belsch féiert Maut fir d'Autobunn an

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Belsch féiert Maut fir d'Autobunn an

D’Belsch plangt d’Aféiere vun enger Maut fir Autoen an dat vu Mee 2027 un. Déi dräi Regioune Flandern, d’Wallonie a Bréissel wieren sech driwwer eens ginn, schreift d’Presse-Agence Belga. 

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Berit Kessler
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Berit Kessler)

D’Maut géif fir auslännesch a belsch Gefierer gëllen. Fir Elektro-Autoe wier et eng Tax vun 90 Euro d’Joer a fir méi al Autoe sinn et bis zu 125 Euro. Et géifen awer och Kuerzzäittariffer gi fir een Dag a bis zu zwee Méint.