arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Belgrad: Zesummestéiss tëschent Protestanten an der Police

Demonstratiounen

|
headphones

1 min

Belgrad: Zesummestéiss tëschent Protestanten an der Police

A Serbie goufen et nees Zesummestéiss tëschent Polizisten an Demonstranten, déi géint Korruptioun protestéiert hunn. An der serbescher Haaptstad Belgrad hate sech nees Dausende Leit versammelt, fir géint d‘Regierung vum President Vucic ze protestéieren.

headphones

1 min

© EPA/ANDREJ CUKIC
(Foto: EPA/ANDREJ CUKIC)

D'Police huet serbesche Medien no Tréinegas a Blendgranaten agesat. Et war de véierten Dag hannereneen, op deem et zu Zesummestéiss bei Demonstratiounen a Serbie koum.

An de leschte Méint goufen et ëmmer nees Masseprotester géint déi serbesch Regierung an de President. D‘Protester haten am Wanter zejoert ugefaangen, nodeems den Daach vun enger Gare an de Koup gefall war. Dat hat 16 Mënschen d‘Liewe kascht.

D‘Demonstrante werfen der Regierung Inkompetenz a Korruptioun vir.