arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bei engem Attentat un der Grenz zu Afghanistan sinn 12 Mënschen ëm d'Liewe komm

Pakistan

|
headphones

1 min

Bei engem Attentat un der Grenz zu Afghanistan sinn 12 Mënschen ëm d'Liewe komm

Wéi déi pakistanesch Arméi haut um Dënschdeg matdeelt, wiere gëschter Attentäter mat engem Auto voller Spréngstoff an d'Sécherheetsmauer vun engem Checkpoint gerannt.

headphones

1 min

EPA/BILAWAL ARBAB | © EPA/BILAWAL ARBAB
Haaptquartéier vun der Grenzpolice (Foto: EPA/BILAWAL ARBAB)

Bei der Explosioun an enger Regioun, déi un Afghanistan grenzt, wieren och d'Haiser ronderëm beschiedegt ginn. 

Ënner den Doudesaffer wieren eelef Zaldoten an ee klengt Meedchen. 

Viru knapp zwou Woche ware bei engem Attentat op ee schiitescht Gemengenhaus bei der Haaptstad Islamabad 36 Mënschen ëm d'Liewe komm.