Eng extern Entreprise hat op engem Chantier um Houwald Kabele vun der Telekommunikatioun duerchtrennt, huet d'Eisebunnssesellschaft den Dënschdeg kuerz viru Mëtteg zur Ursaach vun der technescher Pann geschriwwen.
No gutt enger Stonn wier de Problem behuewe gewiescht a kuerz virun 8 Auer de Moien hunn d’Zich erëm ugefaangen, normal ze fueren.
Eng Stonn drop huet d’Eisebunnsgesellschaft matgedeelt, datt d’Situatioun sech normaliséiert hätt, et awer weider Problemer am Zuch-Verkéier kéinte ginn.