Zënter Ufank dës Mounts gi bei Virementen automatesch d‘IBAN-Nummer an de Numm vum Beneficiaire iwwerpréift, fir ze verhënneren, datt et zu Bedruch oder Feeler beim Iwwerweise vu Sue kënnt. Meeschtens géifen d‘Kontosnummer an den Numm vum Destinatär iwwertenaner stëmmen, esou d‘ABBL: A 60 Prozent géif béides stëmmen an de Virement kéint ouni Ännerung gemaach ginn.
A bal engem Fall op 5 géif et zum Deel stëmmen, a just a 14 Prozent géifen d‘Kontosnummer an den Numm net iwwertenaner stëmmen.
ABBL: Leit sollen hir Lëscht vu Beneficiairen iwwerpréiwen
Dat kéint zum Beispill geschéien, wann een Ofkierzungen oder Akronyme benotzt. Da kritt de Konsument eng Alerte, e soll d‘Donnéeën iwwerpréiwen. E ka bei Onstëmmegkeeten de Virement ëmmer nach validéieren, mee iwwerhëlt déi ganz Responsabilitéit bei engem Feeler, esou d‘ABBL.
Fir d‘Fäll, an deenen d‘Donnéeën net iwwertenaner stëmmen ze reduzéieren, rifft d‘ABBL d‘Konsumenten op, hir Lëscht vu Beneficiairen ze iwwerpréiwen an ze aktualiséieren.