D’Schoul, d’Maison relais an d’Museksschoul um Campus kënnen trotz allem e Méindeg ewéi virgesinn d’Schüler empfänken, erkläert den CSV-Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet.
"Elo hu mir immens gutt geschafft. An ech kann nëmmen e ganz grousse Merci soen och eise Servicer an och allen Entreprisen, déi op deem Campus elo sech wierklech alles ginn hunn. A mir sinn och elo zouversiichtlech, datt eis Schoul e Méindeg kann hir Dieren opmaachen, och wa mir an enger éischter Phas op eng Sportshal an op de Garage musse verzichten."
Duerch de Ree war d'Garage an d'Sous-Garage vollgelaf, esou de Laurent Zeimet. Dat, well d'Kanäl et op deene Plazen et net méi gepackt hunn, d'Waasser oflafen ze loossen. Et wieren elo Analysen am gaangen, wéi et dozou komme konnt.
"An natierlech ass déi ganz Installatiounen, déi technesch Installatiounen, déi am Keller wor, sinn zum Deel betraff gewiescht."