Der rezent publizéierter Carte sanitaire vum Gesondheetsministère no sinn aktuell 15 Prozent vun der Bevëlkerung iwwer 65 Joer al. Fir de Philippe Turk wier et virauszegesinn, datt dee Chiffer an nächster Zukunft däitlech an d’Luucht wäert goen. Domat géif och d’Zuel vun de potentielle Patiente klammen.
Iwwerall een héijen Occupatiounstaux vun de Better
Lëtzebuerg géif also net laanscht déi nämmlecht Altersthematiken komme wéi seng Nopeschlänner och. Dat spillt bei der Kapazitéit vun de Spidolsbetter awer eng fundamental Roll, esou de President vun der Fédération des hôpitaux Luxembourg, de Philippe Turk.
D’Spideeler wiere knapps mat de Better, seet de Philippe Turk. De President vun der FHL erkläert, datt d’Spideeler déi Situatioun just kéinte stemmen, well d’Chirurgie ambulatoire als Kompensatioun géif wierken.
“Dat heescht, e ganz groussen Deel vun der Aktivitéit geschitt haut ouni, datt ee stationär muss opgeholl ginn. Mee mir sinn am Moment knapps. Den Taux d’occupation vun de Better ass an der Moyenne héich an eisen Haiser, an dat iwwerall.”
Op déi lescht 10 Joer gekuckt gouf et e Minus vun 206 Spidolsbetter. Dat obwuel d’Bevëlkerung ëm ronn 22 Prozent gewuess ass.
D’Chirurgie ambulatoire mécht mëttlerweil Dräivéierel vun den Operatiounen aus. Virun 10 Joer war et nach ronn d’Hallschent. Virun allem d’Katarakt-Operatioune stiechen dobäi eraus.
Philippe Turk: Nei Froe wäerten opkommen
D’Santé weist an der rezent publizéierter Carte sanitaire awer och drop hin, datt een d’Betterzuel am Zesummenhang mat der Altersstruktur a Lëtzebuerg misst betruechten. Déi wier am Verglach zu den Nopeschlänner méi jonk. Knapp 15 Prozent vun den Awunner zu Lëtzebuerg sinn iwwer 65 Joer al. Virun 10 Joer waren et nach knapp 14 Prozent.
Fir de Philippe Turk stellen sech awer do Froe fir d’Zukunft.
“Wéi gi mir ëm mat chronesche Krankheeten? Wéi gi mir domat ëm, dat d’Populatioun méi al gëtt? An wéi steiere mir an Zukunft d’Parcoursen zesumme mat der Médecine générale?”
Knapp 9 Prozent vun de Gesondheetsleeschtungen an de Spideeler gi vu Frontalieren an Usproch geholl. An de leeschten 10 Joer huet sech déi Zuel verduebelt.
Dat wier engersäits e gutt Zeechen, seet de Philippe Turk. Doduerch géif ee gesinn, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem attraktiv wier. Anerersäits géif dat een zousätzlechen Drock op d’Lëtzebuerger Spideeler maachen. Dowéinst misst een zesummen d’Kapazitéiten an der Groussregioun kucken.
D’Carte sanitaire gëtt all zwee Joer vum Gesondheetsministère publizéiert a liwwert een Abléck an d’Infrastruktur vun de Spideeler zu Lëtzebuerg.