arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Becher Buergermeeschtesch demissionéiert viru Mësstrauensvott

Lokales

|
headphones

4 min

headphones

1 min

play_arrow

Becher Buergermeeschtesch demissionéiert viru Mësstrauensvott

D’Buergermeeschtesch vu Bech, d’Jill Goeres, huet hir Demissioun aus dem Schäffen- an aus dem Gemengerot deposéiert, dat nach éier et zu Bech zum Mësstrauensvott koum. De Mësstrauensvott géint de Schäfferot gouf mat 5 Stëmmen dofir a 4 dogéint ugeholl.

headphones

4 min

headphones

1 min

play_arrow
Gemeng Besch beim Mësstrauensvott den 29. Dezember 2025 | © Morgane Weidig
Gemeng Besch beim Mësstrauensvott den 29. Dezember 2025 (Foto: Morgane Weidig)

D’Becher Buergermeeschtesch Jill Goeres huet hir Demissioun domat erkläert, datt si an eng aner Gemeng plënnert. Anescht, war dat bei der Schäffen Nathalie Wohlfart:

“Fir mech war et awer e bewosste symbolesche Schrëtt, fir kloer ze maachen, datt ech net weider bereet sinn,, fir mech am Gemengerot ze engagéieren. Fir mech ass d'Vertrauensbasis fir e weidert Zesummeschaffen net ginn.”

D'Buergermeeschtesch vun der Ost-Gemeng mat hire ronn 1.400 Awunner, hat selwer virun zwou Wochen am 100,7-Interview gemengt, datt et fir d’Oppositioun géint si perséinlech Grënn géif ginn. Nach virum Mësstrauensvott, hat si bekannt ginn, datt si an och d’Schäffen Nathalie Wohlfart hir Demissioun schonn d'lescht Woch agereecht haten. 

Kee Wëllen vun der Oppositioun fir eng Zesummenaarbecht

Fir d'Oppositioun war haut alles gesot. Ma de Gemengeconseiller Nico Schmit, vun der Majoritéitslëscht, hat nach eemol kloer Wieder fonnt. A sengen Aen hätt et och vun der Oppositioun ni de Wëlle ginn, zesummenzeschaffen.

"Dat ass et och an der Becher Gemeng net ginn, datt de Budget net matgestëmmt ginn ass, bei aller Oppositioun an allen Dissens, deen ee kann hunn. Et ass also net dorëm gaangen, och den Iwwerleefer, deen da bewierkt, datt déi Motion de censure kann duerchgoen (...) Wann een nëmmen de Contenu wëll schwätzen, da setzt ee sech eng Kéier mat senger Majoritéit zesummen oder et sicht et ee villäicht eng Kéier de Kontakt mat deem anere Conseillerskolleeg, dee jo och an der Majoritéit ass, an et schwätzt een eng Kéier mat deem. Dee Conseiller huet awer nach dat éischt Wuert haut u mech ze riichten."

Dee genannte Gemengeconseiller, Emile Bohnenberger huet déi Kritik allerdéngs net ugeholl. Hien hätt iwwer déi Lescht Joren dacks probéiert ze diskutéieren. Seng Erfarung wier "net erwënscht" gewiescht, esou den Emil Bohnenberger. 

Dëst neit Muechtverhältnis ass jo entstanen, well den Emil Bohnenberger vun der Majoritéitslëscht sech bei der Budgets-Ofstëmmung op d'Säit vun der Oppositioun gestallt huet.

Tëschent Oppositioun an der fréierer Majoritéit goufe sech zënterhier schwéier Reprochë gemaach. Fir d’Oppositioun war haut am Fong alles gesot. Hire Mësstrauensvott wier reng politesch motivéiert, wat de Conseiller Nico Schmit vun der Majoritéitslëscht, net gleewe wollt.

“Et geet also net ëm de Contenu, et geet hei ganz kloer ëm d'machtverletzten Egoen an ëm perséinlech Ambitiounen, déi iwwert déi Gemeng iwweregens erausginn. Dorëm geet et. Mir haten e moderne Schäfferot mat zwou couragéisen an engagéierte Fraen, déi ganz vill Aarbecht an Asaz an der Gemeng hei gewisen hunn.” 

Als eenzeg Fra an dëser neier “Majoritéit, déi vu Männer dominéiert ass”, wollt d’Conseillère Bibi Wintersdorf dës Reprochen net unhuelen.

“Mir hunn eis ni als Oppositioun gesinn, mir hunn eis ëmmer gesinn als eng Ekipp, mir sinn awer net als solch wouer geholl ginn an et geet net ëm Muecht. An enger Gemeng geet et net ëm Muecht, et geet drëm all gemeinsam un engem Strang ze zéien, fir dat Bescht fir dës Gemeng ze maachen.” 

Et wéilt ee sech elo sou opstellen, datt ee sech nees méi eens gëtt, huet och den Oppositiouns Conseiller Max Pesch betount.

 "A mir musse wierklech vun deem 5-4, vun där knapper Majoritéit ewechkommen. Et wier wichteg, fir elo e Konsens ze fannen an Zukunft an e bësse méi eng breet Majoritéit ze hunn, fir mat e bësse méi Vertrauen och vun dem Gemengerot aus kënnen ze agéieren.” 

An der Gemengerotssëtzung den 12. Januar wäert den neie Schäfferot am huis clos gewielt ginn. Déi zwee Gemengerotsposten déi duerch d’Demissioune fräiginn, wäerten a Komplementarwalen nei gewielt ginn, hat  d’Jill Goeres op eis Nofro hin erkläert.

play_arrow Lauschteren