Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Schwemm vu bëllege Produiten - USA wëlle mat China schwätzen

Wirtschaft

Wéinst Schwemm vu bëllege Produiten - USA wëlle mat China schwätzen

Am Sträit ëm bëlleg Produkter aus China, déi auslännesch Mäert iwwerschwemmen, wëlle Washington a Peking elo iwwert d’Iwwerkapazitéite vun der chineesescher Ekonomie diskutéieren.

auto_stories

1 min

Janet Yellen | © picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP

Et gëtt iwwerdeems de Verdacht, datt China déi industriell Produktioun subventionéiert, wat zu dëser Iwwerkapazitéit gefouert hätt, esou déi US-amerikanesch Finanzministerin Janet Yellen. An deene Gespréicher geet et drëms ee Gläichgewiicht fir gesond Wirtschaftsbezéiungen ze behalen

Besonnesch am Beräich vun den gréngen Technologië géif et gréisser Präisënnerscheeder ginn, an déi lokal Produktioun vun ënnert anerem Solaranlage géif wéinst der deloyaler Konkurrenz drënner leiden, esou d’US-Finanzministerin. Och an Däitschland hunn Industrien, déi sech op Solarenergië spezialiséiert hunn, wéinst der chineesescher Konkurrenz missten zoumaachen. Eng Kritik déi China bis elo awer zréckgewisen huet.