Radioen

On air

Moiesstudio  |  EU-Parlament stëmmt iwwer von der Leyen II of

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bangladesch: Premierministesch zeréckgetrueden, Parlament opgeléist

No Protester

Bangladesch: Premierministesch zeréckgetrueden, Parlament opgeléist

Am Bangladesch gouf an der Suite vum Récktrëtt an der Flucht vun der Premierministesch Sheikh Hasina d‘Parlament opgeléist.

auto_stories

1 min

Bangladesch | © picture alliance / NurPhoto | Syed Mahamudur Rahman
Foto: picture alliance / NurPhoto | Syed Mahamudur Rahman

Berodunge fir eng Iwwergangsregierung vun der Arméi lafen, heescht et. Ee vun de Leader vun der Protestbeweegung fuerdert, datt de Friddensnobelpräisdréier Muhammad Yunus de Poste vum Premier an enger Iwwergangsregierung soll iwwerhuelen. Dat wier de Wonsch vun den Demonstranten, heescht et.

De Muhammad Yunus huet sech bis elo net dozou geäussert. Hien a seng Bank kruten 2006 de Friddensnobelpräis, well si mat klenge Prête ville Leit aus der Aarmut gehollef hunn.