arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bangladesch: Chef vun islamescher Partei erkennt Victoire vu Géigner un

Walen

|
headphones

1 min

Bangladesch: Chef vun islamescher Partei erkennt Victoire vu Géigner un

Zu Bangladesch huet de Chef vun der islamescher Partei Jamaat-e-Islami, d’Victoire vun der Bangladesch Nationalist Party bei de Legislativwalen unerkannt.

headphones

1 min

Tarique Rahman vun der Bangladesch Nationalist Party | © EPA/MONIRUL ALAM
Tarique Rahman vun der Bangladesch Nationalist Party (Foto: EPA/MONIRUL ALAM)

Obwuel hie kuerz virdrun nach vu Manipulatiounen an Onreegelméissegkeete beide Wale geschwat hat, huet de Parteichef haut op de soziale Reseaue betount, datt seng Partei d’Resultater akzeptéiert an de Rechtsstaat respektéiert.

No Donnéeë vun der Wal-Kommissioun huet d’BNP 212 vun den 300 Sëtz am Parlament gewonnen. D’Koalitioun ronderëm d‘Partei Jamaat-e-Islami kënnt op 77 Mandater.

D’Wal-Kommissioun am Bangladesch huet all Virwërf vu Bedruch zeréckgewisen.