Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OKAJU: Bal ee Véierel vu befrote Mannerjäregen hu Suicidegedanken

Alarmant Zuelen aus dem OKAJU-Rapport

OKAJU: Bal ee Véierel vu befrote Mannerjäregen hu Suicidegedanken

Den OKAJU schwätzt a sengem Joresrapport vun alarmanten Zuele wat d'mental Gesondheet vun de Mannerjäregen zu Lëtzebuerg ugeet. Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit huet den neie Rapport haut um Weltkannerdag an der Chamber presentéiert. An do geet déi mental Gesondheet kloer als eng vun de Prioritéiten ervir.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

An enger Ëmfro déi 2022 realiséiert gouf, hätten 13 Prozent vun de befrote Mannerjäregen uginn, depressiv ze sinn, ënnersträicht de Charel Schmit.

23,6 Prozent hunn Idéation suicidaire, also datt se sech mat Gedanken ausenanersetze vum Suicide. Dat sinn also bal ee Véierel vun de Kanner, déi dat am Joer 2022 geäussert hunn. Ee Fënneftel geet méi wäit an iwwerleet sech Planification suicidaire an 11,8 Prozent schwätze vun enger Tentative de Suicide. 

Et wier deemno wichteg den Zougang zu de Servicer vun der mentaler Gesondheet grondleeënd ze verbesseren, esou eng vun de Recommandatioune vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher um Mëttwochmoien an der Chamber.

Mannerjäreger an der Wanteraktioun: Dat dierf sech net widderhuelen

Vill Suerge maachen dem Charel Schmit och d’Expulsioune vu Famillen, virun allem Monoparentallen, aus de Flüchtlingsstrukturen, wa si net an enger Prozedur sinn.

"An am leschte Wanter hate mer Situatiounen, wou déi dann an der Wanteraktioun finalement gelant sinn. Mir hate 55 Mannerjäreger an der WAK wärend dem leschte Wanter."

Dat dierft sech dëse Wanter net widderhuelen, esou de Charel Schmit. Als weider Prioritéit gesäit den OKAJU déi schoulesch Inklusioun.

Keng Limitte bei der Inklusioun

Den Diagnostik géing nach ëmmer ze laang daueren. Och bei der Prise en Charge vu Kanner mat spezifesche Besoine géif et Problemer ginn. Bei der Inklusioun dierft et senger Meenung no keng Limitte ginn.

"De Grondgedanke vun der schoulescher Inklusioun ass, datt mer en Aménagement raisonnable organiséieren, wann et net aneschters geet." 

Et wier un de Strukturen, also der Schoul als Institutioun an un der Maison relais, fir sech esou opzestellen, datt dat geet.

Weider recommandéiert den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher a sengem Rapport ee gesetzleche Kader, fir datt kleng Kanner vun 0 bis dräi Joer keen Ecran ze gesi kréien. Bis 15 Joer solle Jonker och just een Handy mat Iwwerwaachung vun den Eltere kréien.

Lauschterenplay_arrow