D'Ministere kommen zu Kopenhagen zesummen. Haut um Freideg geet et ënner de Verteidegungsministeren haaptsächlech ëm déi europäesch Strategie an Zesummenaarbecht mat Bléck drop, wéi d'Ukrain ka militäresch ënnerstëtzt ginn, an op d'Bereetschaft vun der EU sech selwer ze verteidegen.
Fir Lëtzebuerg ass haut d'Defenseministerin Yuriko Backes mat zu Kopenhagen derbäi.
Ganz uewen um Ordre du jour stinn d'Sécherheetsgarantien, déi d'EU-Länner prett sinn der Ukrain am Fall vun engem Enn vum Krich zouzesoen.
Sujet Nr. 1: Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain
Lëtzebuerg wäert keng Zaldoten an d'Ukrain schécken. Dat hat d'Defenseministerin Yuriko Backes dem radio 100,7 déi lescht Woch gesot.
Bis elo sinn et am Ganzen eng hallef Dosen EU-Länner, déi sech engagéiert hunn, dat ze maachen. Fir de Rescht ass een nach matten an der Diskussioun iwwer d'Verdeele vun Tâchen.
Och d'Ausseministeren, déi muer um Samschdeg an der dänescher Haaptstad zesummekommen, wäerten iwwer strategesch Froe ronderëm de Support fir d'Ukrain schwätzen.
Dozou gehéiert um Samschdegnomëtteg och eng Diskussioun iwwer dat agefruerent russescht Verméigen.
Debatt iwwer Confisquéiere vu russeschem Staatsverméigen
Déi Europäesch Unioun hat decidéiert, d'Zënse vun deem Verméigen ze notzen an déi Suen der Ukrain zur Verfügung ze stellen. 210 Milliarde russesch Sue goufen an der EU agefruer. Si géifen der Ukrain a Form vu Prêten zur Verfügung gestallt ginn, preziséiert de Markus Lammert, Spriecher vun der EU-Kommissioun.
"Déi Sue fléissen an d’Defenseindustrie an den Energiesecteur. Déi éischt Tranche vun 3 Milliarden Euro gouf am Januar iwwerwisen. Duerno allkéiers eng Milliard vu Mäerz bis August, an d’Versemente wäerte bis Enn dës Joers virugemaach ginn."
De Gebrauch net nëmme vun den Zënsen, mee carrement vum ganze Verméigen ass an der EU ëmstridden. Eng Partie Länner - dorënner Lëtzebuerg - hunn hei rechtlech Bedenke geäussert. Anerer setze sech dofir an.
Et war um Ufank net kloer, ob dat - also d'Confisquéiere vun de russesche Suen - elo awer e Samschdeg zur Debatt stéing.
"Ech confirméieren, datt dës Diskussioun soll geféiert ginn", esou um Enn eng Spriecherin vun der Kommissioun.
Mat derbäi fir Lëtzebuerg ass den Ausseminister Xavier Bettel.