arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ BRICS-Staate kritiséieren amerikanesch Douanespolitik - Donald Trump reagéiert

Wirtschaft

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

BRICS-Staate kritiséieren amerikanesch Douanespolitik - Donald Trump reagéiert

Am Konflikt mam Staategrupp BRICS dreet den US-President mat zousätzlechen Douanestaxen. All Land, dat sech der antiamerikanescher Politik géif uschléissen, wäert mat zousätzlechen 10 Prozent belaascht ginn, esou dem amerikanesche President seng neiste Menace.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Ton Molina
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Ton Molina)

Dës Menace huet den Donald Trump op senger Online-Plattform "Truth Social" ugekënnegt. Zu de BRICS-Staate gehéieren ënner anerem Russland a China.

Trump: US-Dollar soll Bezuelmëttel bleiwen

D’BRICS-Staaten, déi zu Rio de Janeiro zesumme sinn, hate gëschter um Sonndeg eesäiteg Douanestaxen an der Handelspolitik kritiséiert. Ënner anerem China huet dem Trump seng Politik kritiséiert, fir esou Taxen als Drockmëttel anzesetzen.

Schonn Ufank vun dësem Joer hat den US-President den 9 BRICS-Staate mat Taxe vun 100 Prozent gedreet, wa si den US-Dollar als internationaalt Bezuelmëttel géifen opginn.

BRICS steet fir d’Ufanksbuschtawe vun de fënnef éischte Membere vum Staategrupp: Brasilien, Russland, Indien, China a Südafrika. Zënter Ufank 2024 sinn och Iran, Ägypten, Äthiopien an déi Vereenegt Arabesch Emirater Memberen.

Onkloer, ob EU-Länner Bréiwer kréien

Den Donald Trump huet iwwerdeems seng Ukënnegung ënnerstrach, vun haut Méindeg u Bréiwer zu den Taxen an zu neien Accorde mat verschiddene Länner ze verschécken. 12 bis 15 Staate solle bis dëse Mëttwoch Post aus den USA kréien.

Am Fall vun neien Taxe kéinten dës a gutt dräi Wochen, den 1. August, a Kraaft trieden, esou den amerikaneschen Handelsminister. Ob och EU-Staate Bréiwer kréien, bleift fir de Moment onkloer.

Dëse Mëttwoch geet den Delai fir Verhandlungen op een Enn. Der Agence DPA no, kéint dës Woch ee méiglechen Douanes-Deal tëschent der EU an den USA ofgeschloss ginn.

 

play_arrow Lauschteren