De Verwaltungsrot hätt d’Decisioun eestëmmeg geholl, esou BP an engem Communiqué. Méi Detailer zu de konkrete Virwërf géint Albert Manifold goufen net genannt.
Den Ireschen Topmanager war eréischt zënter aacht Méint President vum Verwaltungsrot vum Energiekonzern. Do virdru war hien zéng Joer laang CEO vun CRH plc.
Op der Bourse zu London hunn d’Investisseuren direkt reagéiert: D’Aktie vun BP sinn nom Communiqué temporär ëm méi wéi néng Prozent gefall. Am Laf vum Nomëtteg louch de Minus nach bei ronn sechs Prozent.