arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Autosbrand zu Käerjeng: Police geet vu Brandstëftung aus

Lokal

|
headphones

1 min

Autosbrand zu Käerjeng: Police geet vu Brandstëftung aus

D'Police geet beim Brand hënt vu 5 Autoen zu Käerjeng éischten Informatiounen no vu Brandstëftung aus. Zwee Verdächteger goufe festgeholl a kommen nach am Laf vum Dënschdegmëtteg virun den Untersuchungsriichter, esou d‘Police.

headphones

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

D'Police war hënt kuerz no 3 Auer geruff ginn, well een Auto op engem Parking zu Käerjeng gebrannt huet. D‘Feier war duerno op aner Autoen iwwergaangen. Dräi Gefierer goufe komplett zerstéiert an zwee schwéier beschiedegt.

Et gouf kee blesséiert.