arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Autos- a Vëlosfuerer gläichberechtegt: "Chemin cyclable" tëschent Alzeng an Haassel

Mobilitéit

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Autos- a Vëlosfuerer gläichberechtegt: "Chemin cyclable" tëschent Alzeng an Haassel

Tëschent Alzeng an Haassel soll den éischte sougenannte “Chemin cyclable” zu Lëtzebuerg entstoen. Dobäi sollen Autos- a Vëlosfuerer gläichberechtegt op enger Strooss kënne fueren, esou de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées, beim Spuetestéch zu Alzeng.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Op dem “Chemin cyclable” soll eng rout Vëlosspuer agezeechent an de Verkéier op 50 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn.

Eng Autosstroos mat engem Vëloscouloir 

Mat dësem neie Konzept soll virop d’Sécherheet vun de Vëlosfuerer op dëser Streck garantéiert ginn. Beim Ausschaffe vum “Chemin cyclable” hätt ee sech u Virbiller aus dem Ausland orientéiert. Elo wéilt een dat och eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg testen, seet de Roland Fox.

"Et gëtt Plazen, wou de Vëlo iwwer d'Strooss fiert, ouni datt dat gekennzeechent ass. Hei ass elo eng Autosstrooss mat engem Vëloscouloir, deen drop ass. Dat ass eppes anescht wéi dat, wat mer soss hunn."

Üblecherweis wiere Vëlospisten beispillsweis op engem Feldwee kloer gekennzeechnet. Dat wier hei net esou, erkläert de Roland Fox. 

"Hei ass eng Autosstrooss mat Vëlosspueren drun."

D'DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes schwätzt iwwerdeems vun engem innovative Konzept, an erkläert, datt op béide Säite vun der Strooss rout COuloire solle kommen. Déi si speziell fir d'Vëlosfuerer geduecht. 

Vun nationaler an internationaler Bedeitung 

An der Mëtt wier dann nach ee schwaarze Beräich, op deem d'Autoe kënnen zirkuléieren. Et wier déi éischte Kéier, datt zu Lëtzebuerg eng Vëlosspuer op enger Autosstrooss géif agezeechent ginn. Mam "chemin cyclable" ginn zwee bestoend Vëlosweeër matenee verbonnen. 

Dee Projet wier esouwuel vun nationaler, wéi och vun internationaler Bedeitung, esou d'Yuriko Backes. 

"Et ass e bëssen ee Pilotprojet. Esou e Projet gëtt et soss néierend am Land. Et ass ee ganz flotten a wichtege Projet, am nationale Kontext, mee och doriwwer eraus. Hei si mer op der Euro Vëlo 5, wat een europäesche Projet ass, a wat Calais am Norden mat Brindisi am Süde verbënnt. 

Zu Lëtzebuerg kéint een deemno ee wichtegt Segement zu där Vëlospost bäidroen, esou nach d'Yruiko Backes. 

De Pilotprojet soll bis Summer 2027 fäerdeg ginn an eng 4 Milliounen Euro kaschten.

play_arrow Lauschteren
play_arrow Lauschteren