Éischten Erkenntnisser vun der Police no, wier den Auto am Quartier Wedding vun der Strooss ofkomm an op den Trottoir geroden. Am ganze wieren 19 Mënschen an d‘Klinik bruecht ginn.
An Zwëschenzäit ass de Chauffer vum Auto festgeholl ginn. Et soll sech ëm en 20 Joer ale Mann handelen, deen duerch Rout gefuer wier. Et bestéing de Verdacht, dass en ënner Droge stoung.