Mëtt Mee hat d’CSV eng Cotisatioun vun 100 Euro iwwerwisen, fir nees Member am “Aktiounscomité géint d’Atomkraaft” ze sinn. Onkloer war bis ewell ob d’CSV Krittären iwwerhaapt erfëllt fir Member ze sinn. Bei enger Entrevue sollt gekläert ginn, ob d’Positioun vun der CSV vereenbar wier mat där vum Aktiounscomité.
Oneens op engem Punkt
Fir Member vum Aktiounscomité géint Atomkraaft ze ginn, muss sech d’CSV zu deenen dräi Prinzippie vum Comité bekennen. Mat zwee Prinzippie wier d’CSV absolut d’accord, esou de Jeff Boonen. Engersäits prinzipiell alles an d‘erneierbar Energie ze setzen.
„An dass mer och hannert enger Fermeture vun de Reakteren hei an de Géigend stinn, wat al Reaktere sinn.
Op engem Punkt, wier ee sech awer net eens ginn: D‘CSV fënnt et weiderhi wichteg an d'Recherche fir d‘Sécherheet an d'Offallentsuergung ze investéieren.
Pol Polfer: Elo weess jidderee wou en drun ass
D’CSV hätt doropshin decidéiert definitiv aus dem Aktiounscomité géint Atomkraaft erauszegoen, erkläert den CSV-Deputéierte Jeff Boonen. De Paul Polfer vum Klimabündnis gesäit doranner eng Confirmatioun vun der CSV hirer Decisioun vun 2022 fir aus dem Comité erauszegoen.
"Ech menge mir hätten all léiwer gehat d’CSV wier weiderhi Member bliwwen, oder si wär rëm Member ginn, eigentlech war se jo schonn 2022 ausgetrueden, mee deem ass net esou, dat muss ee respektéieren."
Elo wéisst jidderee wou en drun ass an, wat de Pol Polfer positiv gesäit.
Nieft der CSV war och d’ADR 2022 aus dem Aktiounscomité géint Atomkraaft ausgetrueden.