arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Australien: Protester géint den israeeleschen President, den op Visitt ass

International

|
headphones

1 min

Australien: Protester géint den israeeleschen President, den op Visitt ass

Zu Sidney an an aneren australesche Stied sinn dausende Mënschen op der Strooss fir géint d'Situatioun am Gazasträif ze demonstréieren. Zu Sydney koum et dobäi zu Gewalt, nodeems d'Autoritéiten eng Manif duerch den Zentrum vun der Stat verbueden haten.

headphones

1 min

Protester an Australien | © EPA/FLAVIO BRANCALEONE AUSTRALIA AND NEW ZEALAND OUT
Protester an Australien (Foto: EPA/FLAVIO BRANCALEONE AUSTRALIA AND NEW ZEALAND OUT)

30 Mënsche wiere festgeholl ginn an d'Police hätt Pefferspray agesat. Dobäi wier et och zu Blesséierter komm. Och zu Merlbourn a Caberra waren zéngdausende Mënschen op de Stroossen fir géint déi israeelesch Gazapolitik ze manifestéieren.

Den israeeleschen Premier Benjamin Netanjahu gëtt iwwerdeems e Mëttwoch zu Washingston fir eng Visite am Wäissen Haus erwaart. Hie wéilt mam US-President virun allem iwwer d'Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran schätzen, sot hien.