D’Iwwerpréiwung vun der allgemenger Gesondheetsversuergung ass eng Initiativ vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), fir de Länner hir Bereetschaft fir Noutfäll ze stäerken. Ausléiser dofir war d’Corona-Pandemie. Lëtzebuerg ass no Portugal den zweeten europäesche Staat, deen dës Iwwerpréiwung ofschléisst. Dozou d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.
"Universal Health and Peparedness Review (UHPR), dat heescht kucke wou eis staark Punkte sinn, wou eis schwaach Punkte sinn, a puncto preparéiert sinn, op weider Krisen."
Iwwer 60 Acteuren hei am Land waren um Iwwerpréiwungsprozess bedeelegt. Der Ministesch no, géif et bei dësem Exercice dorëm goen, d’Krisebereetschaft am Fall vun enger gesondheetlecher Menace kontinuéierlech kënnen ze stäerken, wéi si op der gemeinsamer Pressekonferenz e Mëttwoch mat de WHO-Vertrieder zu Senneng gesot huet.
"Enn Januar wäerten dann déi zwee Rapporte virgestallt ginn: Dee vum UHPR an dee vum nationale Security Plang."
Gesondheet net als Käschtepunkt gesinn
D’Gesondheet soll net als ee Käschtepunkt gesi ginn, recommandéiert de WHO-Regionaldirekter fir Europa, den Dr. Hans Henri P. Kluge.
"Parce que maintenant le budget, et surtout avec la défense, avec la sécurité, mais en fait investir dans la santé, dans le système de santé, c'est investir dans la sécurité nationale."
D’Lektiounen aus der WHO-Iwwerpréiwung sollen deemno och an déi nei national Resilienz-Strategie afléissen. D’Resultater sollen och an all d’Politikberäicher vun der Regierung integréiert ginn, wënscht sech den Dr. Kluge vun der Weltgesondheetsorganisatioun.