Zu Belfast an Nordirland gouf ee Mann bei engem presuméierten Haassverbrieche schwéier blesséiert. Detailer iwwert de Profil vum Affer goufen awer net genannt.
Et wiere 500 Plazen an de Prisonge fräi a 6000 Polizist:inne vun de Spezialunitéite géife mobiliséiert ginn, heescht et.
Enorm Quantitéite Fakenews
De Premier Keir Starmer huet séier Justizprozeduren ugekënnegt. De Méindeg den Owend koum et op en Neits zu schroen Tëschefäll. Dat virun allem zu Belfast an zu Plymouth am Süde vum Land.
Well d‘Protester a ville Fäll iwwer déi sozial Medien ugestiwwelt ginn, huet d‘Regierung elo och déi Sitten ënnert d‘Lupp geholl. Den zoustännege Minister hat dofir Entrevuë mat Vetrieder vun TikTok, Meta, Google an X. Si hätten eng Responsabilitéit wat d‘Verbreede vu Falschmeldungen ugeet. Et wieren enorm Quantitéiten u fake news am Ëmlaf.