arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ausliwwerung vu presuméierten NordStream-Saboteur

Italien

|
headphones

1 min

Ausliwwerung vu presuméierten NordStream-Saboteur

An Italien huet ee Geriicht op en Neits gréng Luucht ginn, fir d‘Ausliwwerung vun engem presuméierten NordStream-Saboteur un Däitschland. Dat mellt dem Verdächtegen säin Affekot. Dat lescht Wuert ass allerdéngs nach net geschwat.

headphones

1 min

Säi Mandant géif nach emol an Appell goen, esou den Affekot vum presuméierten NordStream-Saboteur. Dat iewescht Geriicht an Italien hat d‘Ausliwwerung schonn eng Kéier gestoppt. Den Ukrainer Serhij K., dee fir d‘Uschléi 2022 op d'NordStream-Gasleitunge mat responsabel gewiescht soll sinn, sëtzt an Italien an engem Héichsécherheetsprisong an Untersuchungshaft.