Radioen

On air

Tockcity  |  Bibiza - Tanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus dem Bluttspendeservice vun der Croix-Rouge soll een Etablissement public ginn

Bluttspenden

Aus dem Bluttspendeservice vun der Croix-Rouge soll een Etablissement public ginn

Aus dem Service vun de Bluttspende vun der Croix-Rouge soll een Etablissement public ginn. Dat huet d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez um Mëttwochmëtteg an der Chamber ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Croix Rouge luxembourgeoise | © Croix Rouge luxembourgeoise

De Service soll deemno mat staatleche Suen finanzéiert ginn. Eppes wat d’Spidolsfederatioun um Dënschdeg scho proposéiert hat. Well d’Tariffer, déi d'CNS fir d’Bluttprodukter festleet, zënter Joren net ugepasst goufen, kritt d'Croix-Rouge net genuch Suen, fir d’Käschten ze decken. Dofir muss d’Organisatioun den Ament Spenden, déi eigentlech fir aner Projete geduecht sinn, benotzen, fir den Servicen de Bluttspenden ze finanzéieren.

Et wier eng national Aufgab fir d’Blutspenden ze géréieren, déi och national geregelt misst ginn, esou nach d‘Martine Deprez. An Tëschenzäit kritt d’Croix-Rouge eng zousätzlech finanziell Hëllef fir den Defizit vun 2 Milliouenn Euro am Service vun de Bluttspenden ze decken.