Bei der EU-Kommissioun huet de Flavio Becca elo eng Plainte wéinst Verstouss géint EU-Recht géint Lëtzebuerg deposéiert, wéi hien an engem Communiqué matgedeelt huet. Well de Geschäftsmann der Meenung ass, kee faire Prozess gehat ze hunn, huet hien donieft eng Requête beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gemaach.
De Flavio Becca huet och ugekënnegt, beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg ganz geschwënn eng Schuedenersatzklo géint de Lëtzebuerger Staat ze maachen. Am Prozess goung et ëm de Kaf tëschent 2004 an 2011 vu Luxusaueren am Wäert vu ronn 18 Milliounen Euro iwwer Entreprisë vum Geschäftsmann.