D’Deputéiert Djuna Bernard begréisst d’Entscheedung vum DP-Kulturminister, den Deputéierten elo awer Abléck an de Rapport vun där externer Berodungsfirma ze ginn. Déi gréng Deputéiert wier sech bewosst, datt sensibel Donnée virdrunner misste geschwäerzt ginn, géif awer hoffen, datt et net ze laang dauert, bis si d’Dokument zougestallt kréien.
Gestreits an Drock vun der Oppositioun
De Kulturminister dovun ze iwwerzeegen, dat ze maache, wier awer net einfach gewiescht, esou d’Djuna Bernard. Et hätt een e Minister erlieft, deen “op alle Fronte mauert”.
"Dat fannen ech héich problematesch. Mir schwätzen awer vun engem Établissement public, dee staatlech Gelder kritt, a wou awer och net näischt am Raum steet u Virwërf. An ech mengen, datt dann de Minimum deen ass, datt déi Informatioune ronderëm déi Bestandsopname mat der Chamber gedeelt ginn."
No laangem Gestreits an Drock vun der Oppositioun wier een elo op de Punkt komm, datt effektiv d'Conclusioune vun där Bestandsopnam mat der Chamber gedeelt ginn, erkläert déi gréng Politikerin. Dat wier e Succès, well een am Ufank gesot kritt hätt, datt dat op kee Fall kéint gedeelt kéint ginn, an "datt elo misst a Rou geschafft ginn, an datt se dann a sechs Méint géife bei eis komme mat hirer Strategie", esou nach d'Djuna Bernard.
"Mir schwätzen awer vun engem Établissement public, dee staatlech Gelder kritt a wou awer och net näischt am Raum steet, u Virwërf. An ech mengen, dass dann de Minimum deen ass, dass déi Informatioune ronderëm déi Bestandsopname mat der Chamber gedeelt ginn."
Fir de Franz Fayot vun der LSAP, wier een an der Reunioun net méi gewuer ginn, wéi an der Press ze liese war.
CSV begréisst zukünftegen Abléck an den Audit
Fir d'CSV-Deputéiert Octavie Modert géif den Abléck an déi Dokumenter d’Méiglechkeet ginn, fir d’Situatioun am MUDAM besser anzeschätzen.
"Et schéngt esou, wéi wann dat net alles richteg wär, wat dobausse gesot ginn ass, ëmsou méi wichteg ass dann, datt mir dat och kënnen da selwer eis uliesen an ukucken."
Virworf vum Favoritismus: Kulturminister vertraut der MUDAM-Direktesch
Am 100,7-Interview hat de Kulturminister de Mëttwoch Moie behaapt, datt een d’Virwërf aus der Press relativéiere misst. Hien hat och do scho gesot, datt net alles richteg an der Press duergestallt gi wier. No der Kommissiounssëtzung vun e Mëttwoch sot hien, datt hien de Sujet vu Favoritismus deen opgeworf gi war eescht géif huelen. D'MUDAM-Direktesch hätt dem Verwaltungsrot an dem Kulturministère verséchert, datt et kee Favoritismus géif ginn. Hie géif dat sou zur Kenntnis huelen an der Direktesch vertrauen, datt dat och esou ass, sou de Minister.
Och wann ee sech ugangs fléiwe gelooss huet, fënnt den DP-Minister elo, datt et e gudde Kompromëss wier, d'Konklusioune vum Audit mat der Chamber ze deelen.
De Kulturminister Eric Thill war um Mëttwochmoien eisen Invité vum Dag.