Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ "Audiences de congé" am Palais

Regierungswiessel

"Audiences de congé" am Palais

Am Palais sinn haut de ganzen Dag déi sougenannt “Audiences de congé” vun de Ministeren déi vu muer u kee Regierungsmandat méi hunn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Augst / Eibner-Pressefoto

Den Henri Kox, Logementsminister vu bis elo, sot eis no sengem Rendez-vous mam Grand-Duc, hie géif sech elo op seng wuel verdéngte Pensioun freeën. Zu der Tatsaach, datt de Claude Meisch, nieft dem Educatiounsministère och de Logement dobäikritt, wollt den Henri Kox sech net äusseren.

De Claude Haagen, Landwirtschaftsminister a Minister vun der Sécurité sociale vu bis elo, an d’Joelle Welfring – Ëmweltministesch vu bis elo –  bereede sech alle béid op Oppositiounsaarbecht vir. D’selwecht de Georges Engel. Den Aarbechtsminister vu bis elo sot de Moien, datt hien elo nach net kéint beurteelen, op mam Georges Mischo als Nofollger elo eng gutt Richtung ageschloe géif ginn; et hätt ee jo nach keen detailléierte Koalitiounsprogramm gesinn.

Skepsis vum Franz Fayot

De Franz Fayot dann hofft, datt d’Kooperatioun weiderhin dee Stellewäert behält, deen se wärend senger Amtszäit gehat hätt. Mam Lex Delles als neie Wirtschaftsminister weist de Franz Fayot sech op der enger Säit zefridden; et wier een, deen duerch de Mëttelstandsministère, deen e bis elo hat, d’Haus scho géif kënnen. Den zukünftegen LSAP-Deputéierte begréisst och dass d’Energie elo erëm am Wirtschaftsministère wäert ugegliddert sinn, eng aner Neierung gesäit hie méi kritesch.

"Wat ech e bësse méi skeptesch gesinn, ass dass de commerce extérieur elo aus der Economie ausgebrach gëtt. Ech mengen dat ass eppes wat och wichteg war, well déi Ekipp sech och erniert huet vun deem Wëssen wat am Haus dran ass. Institutionell gëtt dat bësse méi delikat. Mee do muss da vill matenee geschwat ginn fir dass dat weiderhin och effikass geréiert gëtt."

Lauschterenplay_arrow