Radioen

On air

Notturno  |  Nas - Life's a Bitch Feat. AZ & Olu Dara

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Ass Linkin Park hautzudaags nach Linkin Park? 

Mat der neier Frontsängerin Emily Armstrong

Ass Linkin Park hautzudaags nach Linkin Park? 

Linkin Park hu sech erëm zesummegedoen, een neit Lidd erausbruecht, een neien Album ugekënnegt a si grad op Welttournée. D’Noriicht koum als Iwwerraschung. Datt d’Band nom trageschen Dout vum Sänger Chester Bennington nach eng Kéier iwwert de Festivalscircuit zitt, freet vill Leit an degoûtéiert anerer. Vum point zéro bis elo: wat léisst sech aus der Bandgeschicht iwwert den aktuelle Lineup erschléissen?

auto_stories

8 min

headphones

16 min

play_arrow
Aktuelle Lineup vu Linkin Park (Foto: CeriRoberts)

Lauschterenplay_arrow

D’Polemik un der Saach: de Chester Bennington gouf vun der Sängerin Emily Armstrong ersat. "From Zero" soll den neien Album heeschen. Grond genuch, fir sech d’Bandgeschicht vu Linkin Park vum point zéro un unzekucken, a sech d’Fro ze stellen: ass Linkin Park hautzudaags nach Linkin Park?

Wéi alles ugefaangen huet

Den Chester Bennington war net den éischte Sänger vun der Trupp. "Xero" huet d’Band deemools geheescht a gouf vun den High School Kolleege Mike Shinoda a Brad Delson wärend hire Studien op der UCLA gegrënnt. De Brad Delson war een typesche Metalhead, de Mike Shinoda een Hip Hopper, dee sech awer och mat der vulneraabler Gefillswelt vun Nine Inch Nails an dem experimentellen Aphex Twin konnt identifizéieren. 

Hir Iddi: d’Hybrid Theory - also haart, verzerrt Gittare repetitiv a Rapbeat-méisseg ze spillen, a souwuel mat Samples a Drummachines, wéi och mat richteger Batterie a Bass ze hybridiséieren. D’Gittar sollt keng Soli spillen, alles soll op dat wesentlechst reduzéiert ginn. D’Band, déi duerno Linkin Park gouf, waren net déi éischt mat dëser Iddi. D’Kollaboratioun tëschent Rock a Rap, déi besonnesch an Amerika aus zwou ganz verschiddenen Musekskulture stamen, hat och an de Nonzeger schonn eng laang Traditioun. De Legende-Produzent Rick Rubin hat 1986 d’Rap Trupp Run DMC iwwerzeegt, Walk This Way vun Aerosmith ze coveren, a Rage Against The Machine haten och Rap a Rock gemëscht, wann och ganz ouni DJ-Material.

Nu-Metal ass ee Museksgenre, deen, wéi all Genre dee mat new ufänkt, ganz schlecht an d’Jore komm ass. Nu-Metal, sou goufen déi éischt zwee Albe vu Linkin Park bal vernannt. Mee wann een hautzudaags u Linkin Park denkt, denkt een nach ëmmer als éischt un Hybrid Theory a Meteora; dat aus ganz bestëmmte Grënn, déi net nëmme mat der Musek ze dinn hunn. D’Alben hunn sech 50 Millioune Mol verkaaft. Si hunn eng ganz Generatioun gepräägt a Museksgeschicht geschriwwen. Tatsächlech awer koumen d’Alben 2000 an 2003 eraus, also ëm den Dréi, wou d’Museksindustrie an d’Schweesse koum, well een Alben elo ganz einfach illegal um Internet konnt eroflueden. D’Albe goufe wuel och Millioune Mol illegal erofgelueden, an esou ëmsou méi bekannt. 

Wéi krut esou eng ongewéinlech Band een Deal mam Major Label Warner Brothers?

Zréck an d’Hale vun der UCLA. De Mike Shinoda huet säi Kolleeg Mark Wakefield als Sänger rekrutéiert, de Joe Hahn ass als DJ dobäi, de Rob Bourdon spillt Batterie, an de Brad Delson Bass. Zesumme klénge si eigentlech net gutt. Hir Chancë fir ee Label Deal sinn dënn bis nonexistent. Weiderhin hat de Mark Wakefield och immens Problemer, live viru Leit ze sangen, a gëtt vum Team entlooss. D’Band, déi spéider Linkin Park gëtt, stinn ouni Sänger do, an hir Hybrid Theory geet nëmmen op, wann och tëschent a mat dem Mike sengem Rap gesonge gëtt. Si casten. Glécklecherweis mécht de Brad och grad ee Stage bei Warner Brothers, an eng Xero Cassette geet ronderëm. Iwwert siwen Ëmweeër reest se vun LA op Arizona wou ee gewëssene Chester Bennington grad Fotokopien vu Landkaarte mécht, fir sech iwwer Waasser ze halen. Den Chester huet scho jorelaang Banderfarung mat enger Band, déi am Bundesstaat mëttelgrousse Succès huet: Grey Daze.

Wie war de Chester Bennington?

Hie hannerléisst seng Fra a Kanner am Arizona, reest op LA a geet op de Band Casting. Der Legend no huet hie sou gutt gesongen, datt deen, deen no him an de Proufsall sollt sange kommen, einfach heem gaangen ass. Direkt acceptéiert gëtt den Chester awer net. Hien ass komesch, deet sech komesch un, an deelt wärend enger Songwriting Sessioun einfach mol, datt hien als Kand sexuell mëssbraucht gouf. Weiderhi war hien am Teenageralter gangaffiliéiert, déi Ketten huet hien ëmmerhin no enger éischter Schéisserei hannert sech gelooss.

Chester Bennington - Op der Tour 2017 vun "One more light" | © picture alliance / Photoshot
Chester Bennington - Op der Tour 2017 vun "One more light" (Foto: picture alliance / Photoshot)

Hie gëtt séier krank, ass séier genervt, an et gëtt sech Suerge gemaach, datt hien ze vill drénkt oder Drogen hëlt, wat sech leider als Wourecht entpuppe wäert. Anengems ass hien awer och een immens léiwe Mënsch, deen alles mécht, fir vu sengem Ëmfeld acceptéiert ze ginn. An hie séngt wéi een Engel – d’Gescreams huet hie réischt mat Linkin Park geléiert. D’Band ass komplett, et feelt just nach ee Vertrag, fir dem Mike seng Ambitiounen ze verwierklechen. 

E Vertrag mat Warner Brothers

Dofir invitéiert de Brad Mataarbechter op eng Show. Nieft der Musek gesinn d’Label-Leit och, datt eng tatsächlech Zeen ronderëm den zukünftege Linkin Park existéiert: de Sall ass struppevoll an all Mënsch jubelt si un. Dat war eng Ligen. Déi siwe Memberen hunn einfach all hir Kolleegen a Kolleeginnen a Kolleegen a Kolleeginne vu Kolleegen a Kolleeginnen invitéiert, fir datt et sou géif wierken, wéi wa Linkin Park eng sécher Mise wier. De Bluff geet op: Warner Brothers huele si ënnert Vertrag.

Dat bedeit awer net, datt ab elo alles ouni Probleem verleeft. Wéi de Mike Shinoda Joren dono a sengem Nieweprojet Fort Minor erzielt, war d’Bezéiung tëschent dem Label an der Band immens ugespaant. Mee d'Tracks iwwerzeegen. Linkin Park ginn op jorelaang Tournéeën, och wa Membere krank oder verletzt sinn. D’Stëmmung an der Band ass net immens, den Chester zitt sech ëmmer méi zréck a leit um Echec vu sengem Mariage an Depressiounen. Op Concerte séngt hie mat enger Verzweiwlung, déi vu kaum enger anerer Band ze toppen ass.

Dat tragescht Enn vum Chester Bennington

Nom Album Meteora, an der Scheedung vum Chester, erfënnt sech d’Band nei, an hält eigentlech ni méi domat op. Ni méi wëllen si Nu-Metal maachen. Fir d’Albe Minutes to Midnight a A Thousand Suns schaffen si mam Produzent Rick Rubin. Besonnesch A Thousand Suns gouf zu Releasezäit mëssverstanen. Et ass ee Konzeptalbum iwwert d’mënschlecht Potential zur Zerstéierung, an zur Revolt. Geschafft gouf mat Voicesamples vum Martin Luther King, Robert Oppenheimer, an dem Berkley-Studenteprotesterleader Mario Savio. Wéi ze erwaarden a wéi si et woussten, komme Linkin Park ni méi un de kommerzielle Succès vum Ufank vun hirer Karriär un - wat si awer net dovun ofhält, mol méi, mol manner iwwerzeegend Chart Hits ze kreéieren.

An am Joer 2017 hëlt de Chester sech d’Liewen. Hien hannerléisst sechs Kanner, an eng Fra, d’Talinda, mat där hien eigentlech immens gutt eens ginn ass. Wisou sech den Chester Bennington d’Liewe geholl huet, bléift Spekulatiounssaach. 

Welttournée mat der Emily Armstrong

De Batteur Rob Bourdon ass net dobäi, a gëtt vun engem gewësse Colin Brittain ersat. D’Noriicht schockéiert ënnert anerem de Cedric Bixler-Zavala vun de Bands At the Drive-In an The Mars Volta. An engem Social Media Post erkläert hien, datt d’Emily Armstrong eng Scientologin ass, an de Schauspiller Danny Masterson, och e Scientolog, wärend senge Geriichtsverfare wéinst Vergewaltegung ënnerstëtzt hat. Wéinst de Versich vun der Scientology, d’Victimme stomm ze halen, huet et 20 Joer gedauert, bis datt hie condamnéiert gouf. Hie krut liewenslänglech. 

Dem Cedric Bixler-Zavala seng Fra zielt och zu de Victimmen. Hie seet weiderhin, datt d’Scientology eng kriminell Organisatioun ass, déi Mëssbrauch vu Kanner an eeler Leit vertuscht. Linkin Park sollten d’Memoire vum Chester Bennington, dee jo als Kand selwer mëssbraucht gouf, roue loossen, sou de Bixler-Zavala. 

Säitdeem huet och de Gittarist Brad Delson ugekënnegt, datt hien net mat op Tour géif goen, a just nach hannert de Kulisse mat Linkin Park zesummeschafft. Iwwert de Fait, datt d’Emily Armstrong eng Scientologin ass, huet kee vun der Band ee Wuert verluer. D’Emily Armstrong selwer huet op de soziale Medien, nodeems si domat konfrontéiert gouf, kloergestallt, datt si gefrot gouf, op der éischter Seance vum Danny Masterson Geriichtsverfaren dobäi ze sinn, an dat elo als Feeler empfënnt. 

Mee dat ass nach net alles. Den Jaime Bennington, Jong vum Chester, huet als eenzege Familljemember den neien Ufank vu Linkin Park staark kritiséiert. Hie gëtt vu verschidde Fans als Spaassverdierwer empfonnt, a krut, eegenen Aussoen no, vu Leit geschriwwen, hie sollt sech ëmbréngen.

Ass Linkin Park hautzudaags nach Linkin Park? 

Dofir schwätzt, datt d’Band sech no 2004 ëmmer rëm nei erfonnt huet, a kengem eenzelne Museksstil trei ass. Och dofir schwätzt, datt den Chester jo net den alleréischte Sänger vum Proto-Linkin Park war, an datt de Mike déi meeschte Lidder an Texter geschriwwen huet. D’Band heescht och Linkin Park no Lincoln Park, also een immens gängegen Numm fir ëffentlech Parken an Amerika – et ass een neutrale, näischtsoende Numm.

Linkin Park schaffe scho laang net méi nom Prinzip vun der Hybrid Theory, éischter ass hir Approche zur Musek eng fluid Theorie. Weiderhi kann een dem Mike a Co net virwerfen, datt si et just fir d’Sue maachen - si si scho längst Multimillionären an dem Schaffpäerd Mike kann een et ofkafen, wann hien iwwert d’Joren oft genuch widderholl huet, datt hie sou oder sou Musek géif maachen, och wann hien net dofir bezuelt géing ginn. Vläicht goufe si vu Warner Brothers oder hire sou oder sou ni zefriddene Fans ënner Drock gesat.

Cover vun The Phoenix - Grey Daze
Cover vun The Phoenix - Grey Daze

Mee dës Argumentatioun géif der Band hir Entscheedungsautonomie a Fro stellen. Vläicht denke si einfach ze vill fluid – vläicht hätte si dem Chester seng Memoire och kënne roue loossen. Dobäi sief gesot, datt si net déi eenzeg sinn: Dem Chester seng Nonzeger Band Grey Daze hunn no sengem Dout zwee Alben erausbruecht, an deene si seng deemoleg Gesangsspueren nei verwäert hunn, an aner Musek dorënner gesat hunn.

B Prominenz, an zwee vum Chester senge Kanner, sinn drop gefeatured. De leschten Grey Daze Album ass vun 2022, an heescht The Phoenix, nom mythologeschen Déier, dat aus sengen Äschen erëm opersteet. Um Cover ass den Exceptionssänger ze gesinn. 

Roue gelooss gëtt dem Chester Bennington seng Memoire also sou oder sou net.