Tropesch inspiréiert Perkussioun an ustiechend Matsangpassage gesellen sech bei dem Luke Temple seng üblech, méi pastell Tounpalett. Op enger neier an drëtter Plack als Art Feynman - een e bëssen exzentresche Personnage - deen hie sech selwer kreéiert huet.
Gebuer gouf dëse Personnage 2017, also bei Wäitem net den Ufank vu senger Karriär als Museker. Déi huet hie mat der Band Here We Go Magic lassgetrëppelt, bei där hien ëmmer nach séngt, oft mat enger am Falsetto fräischwiewender Stëmm, déi plazeweis un de Paul Simon oder den Nick Drake erënnere kann. Och op säi biergerlechen Numm Luke Temple huet hie schonn eng zolidd Diskographie vusechs LPs dobaussen.
D'Gefiller vu Panik vermëttelen
Déi stilistesch Particularitéit, déi seng Produktioun als Art Feynman bis ewell ervirgehuewen hat, war Ekonomie vun de Mëttelen. An een altertëmleche 4-Spure-Kassetterekorder goufe seng zwou éischt Placken, “Blast Off Through The Wicker” an “Half Price at 3:30” agespillt, gréisstendeels vun him selwer.
Also nee, vum Art Feynman, seng Projektiounsfläch fir all déi Saachen, déi de Luke Temple beschäftegen, an een Alter Ego, dee villäicht déi Saache mécht an denkt, déi hie sech selwer verbitt, oder ausschléisst. Mat laanger, blonder Parréck, Baseballkap a Sonnebrëll bleift de Personnage visuell gesinn Non-Entitéit, déi sech awer musikalesch mam Temple anenee mëscht.
Liicht schréi Approchen zur kosmescher Musik, World-Music, an Art-Pop maachen de Gros vun der Art Feynman-Discographie aus. Just dës Kéier “richteg”. Den zousätzlechen Twist, respektiv eventuell d’Figeblaat vum 4-Track-Recorder, gëllt déi Kéier net: d’Songs ginn hei fir d’éischte Kéier mat enger voller Band live opgeholl, amplaz Spuer fir Spuer vum Feynman selwer. Dëst mécht nei Méiglechkeeten op, liwwert méi Stëmme fir eng Plack, déi Gefiller vu Panik vermëttele wëll.
Firwat? Majo, den Art huet sech an de Kapp gesat, datt d’Enn vun der Welt no ass. Eng Konklusioun, déi fir esou munch een onangeneemen Twist vu FOMO, also Fear of Missing Out, suergt.
Danzen: kascht näischt, zerstéiert d’Ëmwelt net, mécht frou
Ganz ouni den Agit-Pop-artegen Duktus vum David Byrne ass een dach un Talking Heads erënnert, un d’Grace Jones oder un Oingo Boingo. Et kann ee sech identifizéieren, wann een e bësse mat senger schréier Säit a Kommunikatioun ass, well witzeg ass et. Dat, wat d’Enn vun der Welt den Art Feynman maachen deet ass: danzen.
Fir d’éischte Kéier klengt den Art Feynman hei net selbstsécher, éischter wéi kuerz virun enger Panik Attack. A senger Veräppelung vun der Apokalyps geet den Art Feynman hei net esou wäit wéi verschidde militant Atheisten, déi jo argumentéieren, datt Leit, deenen hire Glawen dat noutwendegt Enn vun der Welt verlaangt, wuel net wäerten hëllefen, dës Welt eemol misst gerett ginn. Si wäerte wuel iergendwou sëtzen ze bieden, oder Lidder schreiwen, wéi den Art Feynman op dëser Plack. Wat hien awer an d’Lächerlecht zitt ass d‘Fatalitéit selwer. Kloer, d’Mamm Natur kann eis ëmbréngen, a wäert dat och maache, wa mir eis net packen. Mee d’Enn vun der Welt? E bëssen enk gekuckt.
Et ass eng ënnerschwelleg, onbewossten, onrationaliséiert Angscht, déi de Feynman hei an eis all usprécht: déi vum Enn, sief et eisem eegenen, sief et deem vu jidderengem. “Don’t have Life to burn” séngt hien op deem fantastesche „Passover“, dat un ee besser arrangéierten Nik Kerschaw-Track erënnert.
Danzen: kascht näischt, zerstéiert d’Ëmwelt net, mécht frou. “Shall we divine new poverty line, live just above it in a Ray of Sunshine”, séngt hien op “I Do”, an e puer Zeile méi spéit “I’m Afraid, I Think I really Need You”.
Erënnerungen u Selbstzweifel
Dëse Kontrast, d’Wëssen ëm dat, wat misst gemaach ginn, an d’Schwieregkeet et eleng ze packen, ass den tragesche Spannungsbou vun der Plack, an e gëtt dem Feynman Plaz fir Piano-Bar Klischeen a liichte Pop de Floss vu senger sophistiquéierter Musek diktéieren ze loossen. De Sound ass propper an zeréckhalend, an erlaabt der Mëschung aus Angscht an Optimismus, déi d’Ebbe an d’Flut vun der Plack ausmaachen, sech opzebauen.
“He’s living at a pitch only dogs can hear” héiere mir op “He Dances Light”, an dat géif een nom Lauschteren och dem Feynman attestéieren. Waart, mécht dat mech elo zum Hond, well ech héieren et jo? Heiansdo ass ee wuel een, an och heivunner fillt ee sech vum Feynman senge Selbstzweifel erënnert, esou universell si seng Ausgangspunkten. Net nëmmen de Problem ass de Problem, mee virun allem den Drama, deen draus gemaach gëtt.
Gëtt et villäicht een Titel, deen déi Haapt-Atmosphär, an d’Haaptuleies vun der Plack am Beschten erëmgëtt? “Early Signs of Rhythm” ass ee gudde Kandidat. Et ass eng Funkbomm, gesprinselt mat de Stëmme vu Backing-Sängerinnen, glëtschege Synthesizer an engem onverhoffte Saxophon-Passage. Den Abraxas, ee Gott aus der Mythologie vum Psycholog Carl Gustav Jung, an dee souwuel Fra wéi och Mann, béis wéi och gutt, presidéiert iwwer den Text an erënnert un dat, wat Musek ass: sozial Energie, déi kathartesch ausbrécht.
Wann dat och Är Iddi vu Musek ass, da wäert dem Art Feynman seng nei Plack Iech eng Partie Couche prett halen, déi Dir erfuersche kënnt, an Iech och einfach freeën, wann se zesummekommen. Do waarden nämlech musikalesch Momenter vu grousser Kraaft, a vu grousser Attraktivitéit.