Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alfie Templeman - Dirty Laundry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Archeologie-Paradäis Lëtzebuerg?

Nationalen Archeologie-Institut

Archeologie-Paradäis Lëtzebuerg?

Den David Weis ass zënter kuerzem Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, dem INRA. Am 100,7-Interview erkläert hien, datt Lëtzebuerg trotz senger klenger Gréisst fir Archeologen eng intressante Plaz ass. Aus allen Epoche kéint een am Grand-Duché nämlech Spueren a Géigestänn aus der Vergaangenheet fannen.

auto_stories

4 min

headphones

10 min

Den David Weis ass neien Direkter vum INRA. | © Studio Wision play_arrow
Den David Weis ass neien Direkter vum INRA. (Foto: Studio Wision)

Als Archeolog géif een dacks gefrot ginn, wat zu Lëtzebuerg déi intressantste Plaz wier, fir Ausgruewungen ze maachen, seet den David Weis. Grad am Norde vum Land wéilten d’Leit dat gäre wëssen. An och wann d’Éislek manner dicht besidelt ass, sou gouf et awer Epochen, wou am Norde vu Lëtzebuerg méi Leit gewunnt hunn, wéi an anere Regiounen. “Dat heescht, et fënnt een am Fong iwwerall eppes”, esou den David Weis.

“Mir sinn op engem Territoire, dee schonn ëmmer immens dicht besidelt war, wou ëmmer scho vill Handelsroutë verlaf sinn, an deementspriechend fënnt ee wierklech aus all Epoch ganz vill hei zu Lëtzebuerg.”

Een Hotspot wieren dobäi awer ëmmer d’Flëss, well d’Leit sech laanscht d’Waasser néiergelooss hunn. Laanscht d’Musel oder der Uelzecht fënnt een an der Reegel méi, wéi op anere Plazen, erkläert den neien INRA-Dirketer. 

D'Limitte vun enger "eegener Schatzsich"

Vill Leit intresséiere sech fir Archeologie a ginn och selwer op “Schatzsich”. Anerer si Benevole an a Veräiner aktiv a maache Prospektiounen, wéi een am Fachjargon d’Sich no Saachen op de Felder nennt. Den David Weis erkläert, datt et dobäi awer och legal Limitatioune ginn.

"Et muss ee virun allem den Droit d'accès au terrain hu vum Proprietär. An dann zum Beispill, wann een ee Metalldetekter benotzt, muss een eng Autorisatioun vum Kulturministère kréien. Do kann een net einfach esou e Gerät benotzen."

Hei am Land ginn et vill Veräiner an ASBLen, déi sech engagéieren, betount den David Weis. Ongeféier eng fënnef Stéck, déi sech spezifesch ëm d'Archeologie këmmeren. Dobäi kommen all déi Veräiner, déi sech generell fir Geschicht interesséieren. 

"Dat heescht, mir hunn e puer Honnerte Leit, déi sech awer mobiliséieren all Joer hei am Land, fir de Schutz vum Patrimoine an och fir d'Archeologie."

Am 19. Joerhonnert gouf vill zerstéiert

Déi professionell Archeologe sinn deementspriechend och frou iwwer d'Contributioun vun den Hobbyarcheologen. Déi géingen hir respektiv Ëmgéigend natierlech besser kennen. An et wier och seelen, datt Leit zu Lëtzebuerg Patrimoine géife futti maachen, betount den David Weis. Dat war awer net ëmmer esou.

"Am 19. Joerhonnert war dat vill méi de Fall. Do sinn d'Leit wierklech no Metalle siche gaangen, no réimesche Saache virun allem. Dat gesi mir haut nach heiansdo op Sitten, dass Saachen am 19. Joerhonnert zerstéiert goufen."

Hautdesdaags wier an der Reegel awer de Reflex do, fir dem INRA direkt Bescheed ze soen, wann een eppes Spezielles fënnt. Enn d'lescht Joer goufe beispillsweis eng 140 réimesch Goldmënzen am Norde vum Land fonnt, déi iwwer 300.000 Euro wäert waren. Déi Mënze sinn elo op enger sécherer Plaz a ginn opgeschafft.

6 Méint Zäit, fir Ausgruewungen ze maachen

An der Reegel ass et dann och esou, datt een alles, wat een op sengem Terrain fënnt, halen dierf. Dat heescht och, datt wann een zum Beispill mat engem Metalldetekter iwwer den Terrain vun engem Anere geet, dat, wat fonnt gëtt, dem Proprietär vum Terrain gehéiert. Dat ass anescht wéi a Frankräich, wou alles, wat nach am Buedem ass, direkt dem Staat gehéiert, erkläert den INRA-Direkter.

“Bei eis ass et esou, dass et där Persoun gehéiert, där den Terrain och gehéiert. An de Staat keeft, wann déi Saachen eeben e gewëssenen historeschen, wëssenschaftleche Wäert hunn, déi Saachen där Persoun of.”

Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Rei Plazen, déi als Zone d'observation archéologique klasséiert sinn. Wann een op esou enger Plaz baut, da muss een dem INRA Bescheed soen. Wann eppes vu groussem Wäert fonnt gëtt, däerfen d’Archeologen allerdéngs just maximal sechs Méint laang gruewen. Dat wier awer "absolutt exceptionell", seet den David Weis.

"Wa mir elo nach eng Kéier géifen de Mosaik vu Viichten oder eppes Änleches fannen, do kënne mir natierlech och iwwer déi sechs Méint erausgoen. D’petite marquise zu Iechternach zum Beispill."

Den INRA decidéiert schlussendlech och, wéi eng Saache gehal musse ginn, a wéi eng net remarkabel genuch sinn, fir conservéiert ze ginn.

Lauschterenplay_arrow