Den neie “Système de dépoussiérage” am Wierk zu Déifferdeng hunn déi Responsabel vun ArcelorMittal d’lescht Woch bei hirer Receptioun fir dat neit Joer presentéiert.
Ni vill Reklamatioune vun Awunner:innen
Zu dëser neier Anlag gehéiert ënner anerem ee gréissert Gebai, dat um Site zu Déifferdeng opgeriicht gouf, grad wéi Installatioune fir d’Ofgasen am Wierk opzefänken an ee Rouersystem duerch a laanscht d’Fabrick.
De Buergermeeschter vun Déifferdeng Guy Altmeisch hält et fir realistesch, datt mat dëser Anlag - wéi ugekënnegt - däitlech manner Stëbs aus dem ArcelorMittal-Wierk an d‘Häerz vu senger Stad kënnt, wa bis alles fäerdeg installéiert ass. Dat huet den LSAP-Politiker eis op Nofro hi gesot.
Hien huet och awer och erkläert, datt et ni vill Reklamatioune vun Awunner:inne ginn hätten, an ni iwwerhéich Wäerter. De Buergermeeschter Guy Altmeisch weist sech donieft zefridden, iwwer de "gudde Kontakt" vu senger Gemeng mat deene Responsabele vun ArcelorMittal, och wat d’Fro vun de Belaaschtungen ugeet.
Ee Staubsauger fir Stëbs ze filteren
Gutt Kontakter mat de Gemengeresponsabelen huet och de Pierre Jacobs vun ArcelorMittal bei eiser Visitt am Wierk zu Déifferdeng ugeschwat. De Pierre Jacobs ass Generaldirekter am Beräich Laangprodukter bei ArcelorMittal Lëtzebuerg.
Um Site zu Déifferdeng huet ArcelorMittal elo also an ee "Staubsauger" investéiert, fir d’Stëbsemissiounen ze reduzéieren.
"Dee saugt de Stëbs, dee generéiert gëtt an eise Produktiounsprozesser, ënner anerem am Stolwierk an och am Walzwierk, of an dat geet dann, wéi beim Staubsauger, geet de Stëbs duerch e Filter, wou en zeréckbehale gëtt an dann d'Loft geet weider."
De Stëbs, deen agesammelt gëtt, dee gëtt recycléiert.
Richtung "grénge Stol"
De Projet wier d’Resultat vun engem Verbesserungsprozess, deen duerch Miessungen an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltverwaltung ënnerstëtzt gi wier, stoung am Rapport 2024 vun ArcelorMittal.
Wa bei Miessunge fir de Stëbs an aner Belaaschtunge géif festgestallt ginn, datt d’Normen net agehale ginn, da géif et eng Alerte ginn, esou den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch. Déi nei Filter-Anlag wier een Element fir d’Produktioun vu sougenanntem “grénge Stol” bei ArcelorMittal.
23 Milliounen Euro Investitioun
Fir d‘Reduktioun vun de Stëbsemissiounen am Wierk zu Déifferdeng ginn 23 Milliounen Euro investéiert, erkläert de Pierre Jacobs. Vum Lëtzebuerger Staat gëtt et ee Subsid vu 6 Milliounen Euro.
"Déi ganz Investitioun geet an dräi Phasen. Déi zweet Phas, déi si mir elo just am Gaange fäerdeg ze maachen, an déi drëtt Phas fänkt dann un (...) an dat muss bis 2026 dann och fäerdeg sinn."
Wann alles fäerdeg ass, soll de Stëbs zu Déifferdeng ëm 85 Prozent reduzéiert ginn.
D’Anlag, déi dofir zu Déifferdeng opgeriicht gouf, stoung bis Enn 2023 an engem Wierk vum Stolproduzent zu Florange a Frankräich. Dat Wierk gouf zougemaach.
"Déi stoung dann elo bal zéng Joer do. Mir hunn den ofgebaut, a ganz kleng Stécker, an heihinner transportéiert a wéi e Lego erëm e bëssen opgebaut."
Am Kader vum Tripartite-Accord LUX 2025
D’Suen, déi fir d’Stëbsanlag zu Déifferdeng investéiert goufen, sinn een Deel vun den Investissementer, déi am Tripartite-Accord LUX 2025 virgesi waren.
Dësen Accord war Ufank 2021 ënnerschriwwe ginn an hat Gesamtinvestissementer vun 165 Milliounen Euro hei am Land virgesinn.
D’Ofkommes LUX 2025 war Enn vum leschte Joer ausgelaf a gouf ëm dräi Méint verlängert, heescht et aus Gewerkschaftskreesser. De Moment géifen d’Verhandlunge fir deen neien Tripartite-Accord LUX 2030 lafen.