Fir den ArcelorMittal-Chef Aditya Mittal wier den Trend an Europa zu méi Depensë fir d’Verdeedegung an d’Infrastruktur eendeiteg positiv fir d’Stolindustrie. Nawell géif et, virum Hannergrond vu virun allem den Energiepräisser, en decisiivt Joer fir déi europäesch Stolindustrie ginn, an hie géif hoffen, datt Europa seng Stolindustrie verteidegt an hir Prioritéit gëtt.
arrow_back_ios
Noriichten
Wirtschaft
|ArcelorMittal-Chef hofft, datt Europa seng Stolindustrie verteidegt
ArcelorMittal huet am zweeten Trimester vum Joer en Nettogewënn vu ronn 1,57 Milliarden Euro gemaach. D’Nettoverschëldung mécht iwwerdeems eng 7,25 Milliarden Euro aus, wat op Fusiounen a Reprisen zeréckzeféieren ass.
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)