arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Arabesch Länner stelle Fuerderung un d'Hamas

UNO-Konferenz zu New York

|
reading time

2 min

Arabesch Länner stelle Fuerderung un d'Hamas

Op der UNO-Konferenz zu New York hunn e puer arabesch Länner déi radikal islamistesch Hamas opgefuerdert d'Waffen nidderzeleeën an hir Muecht an der Gazasträif opzeginn.

reading time

2 min

Gaza UNO Fändel | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Gaza UNO Fändel (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Eng entspriechend Deklaratioun hätte 17 Länner ënnerschriwwen, dorënner Ägypten, Katar, Saudi-Arabien a Jordanien, esou déi däitsch Presse-Agence dpa.

An der Deklaratioun gëtt och déi terroristesch Attack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 op Israel verurteelt. D'Dokument soll zu enger Zweestaateléisung mat der Koexistenz vun Israel an engem onofhängege palästinensesche Staat bäidroen.

Groussbritannien tendéiert zur Unerkennung

De brittesche Premier Keir Starmer huet gëschter um Dënschdeg iwwerdeems ugekënnegt, datt och Groussbritannien e palästinensesche Staat am September géif unerkennen, ausser wann Israel verschidde Konditiounen erfëllt, wéi zum Beispill eng Wafferou an der Gazasträif.

Israel huet mat Kritik reagéiert. Dem Keir Starmer seng Annonce géif de Beméiunge fir eng Wafferou an d'Fräiloossung vu Geiselen an der Gazasträif schueden, esou den israeeleschen Ausseminister op X.

Och Lëtzebuerg tendéiert am Moment dozou Palästina unzëerkennen. Déi definitiv Positioun géif am September op der UNO-Generalversammlung zu New York bekannt ginn, hat den Ausseminister Xavier Bettel rezent am 100,7-Interview gesot. 

Bedeelegung vum A400M un der Loftbréck?

Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif spëtzt sech weider zou: International Experte warnen, et géif sech eng Hongersnout ofzeechnen. Däitschland, Frankräich a Groussbritannie wéilte "warscheinlech" nächst Woch hir jeeweileg Ausseministere froen zesummen an Israel ze reesen, fir zousätzlech humanitär Hëllefsliwwerungen ze froen. Dat huet den däitsche Bundeskanzler ugekënnegt.

Zwee däitsch Transportfligere mat Hëllefsgidder wieren och schonn ënnerwee, esou nach de Friedrich Merz. Och London huet éischt Hëllefsliwwerunge per Loft geschéckt.

Eng Bedeelegung vum belsch-Lëtzebuerger A400M un der Loftbréck géif den Ament op Ufro vun de belschen Autoritéite gepréift ginn. Dat mellt RTL mat Verweis op de Lëtzebuerger Verteidegungsministère.