Am Januar war an dëser Affär vun onfräiwëllegem Doudschlag e jonke Mann um Dikrecher Geriicht zu enger Prisongsstrof vun engem Joer mat Sursis verurteelt ginn.
Bei d'Prisongsstrof waren ënner anerer ronn 140.000 Euro Schuedenersatz fir 6 Partie-civillen dobäikomm. De Condamnéierten hat virzejoert een anere jonke Mann op engem Feldwee iwwerfuer; deen hat do geleeën. Um Urteel war besonnesch, datt e Partage des responsabilités gesprach gouf; deemno krut d'Affer souzesoen 1/3 Schold um déidlechen Accident.
Ëm d'Fro no méi oder manner Schold goung et dann och an der Haaptsaach an dësem Appellprozess op zivilrechtlechem Plang, an deem d'Strofmooss also kee Sujet méi war. Iwwerdeems fir de Me Wiltzius, Affekot vun der Mamm vum Affer a fir de Me Walch, Affekot vun ënner anerem der Fra vum Affer, esou e Partage des responsabilités net ubruecht ass, well de Me Baulisch, Affekot vum Ugekloten, deen zu Gonschte vu sengem Client gedréit gesinn. A sengen Ae misst den Ugekloten nämlech 1/3 an d'Affer 2/3 Schold um Accident kréien; d’Affer hätt vill Alkohol gedronk an näischt um Feldwee leiend verluer gehat. Wann de Mann gestanen hätt, wier hien net ënner den Auto komm, esou d'Argumentatioun vum Me Baulisch. Mat där seng Confrèren net d'accord waren.
Affekote fuerdere Schuedenersatz
De Me Wiltzius hat virop betount, d'Mamm géif net verquëssen, datt de Fils en Deel Schold krut: Deen hätt nämlech net express um Feldwee geleeën. Een, vun deem een net wéisst, firwat en do louch, hätt kee Feeler gemaach; dofir sollt an zweeter Instanz kee Partage des responsabilités méi gesprach ginn, sot den Affekot vun der Mamm vum Affer. Dee vun ënner anerem der Fra vum Affer huet erkläert, aus deene selwechte Grënn Appell gemaach ze hunn. Dem Me Walch no hätt et näischt geännert, wann d'Affer um Feldwee gestanen an net do geleeën hätt. Deem wier kee Feeler virzegeheien an den Ugekloten eenzeg an eleng responsabel fir d’Accident. Déi zwee Affekoten hunn dann och hir Schuedenersatzfuerderung vu ronn 475.000 Euro aus 1. Instanz widderholl.
D’Appellsurteel gëtt de 5. November gesprach.