arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appellsprozess am 2. Bommeleeërprozess: Just nach véier Leit op der Uklobänk

Justiz

|
headphones

1 min

Appellsprozess am 2. Bommeleeërprozess: Just nach véier Leit op der Uklobänk

Am Appellprozess vum zweete Bommeleeërprozess wäerte just nach déi 4 fréier héich Responsabel vun der Gendarmerie Pierre Reuland, Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler op der Uklobänk sëtzen. Dat krute mir vu gutt informéierte Sourcë confirméiert.

headphones

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Deemno hunn de Me Assa an de Parquet d’lescht Woch Appell ageluecht. De Me Assa fir säi Client an eenzege Condamnéierten am 1. Prozess Pierre Reuland an de Parquet géint déi 4 Persounen, net awer géint de Marcel Weydert an de Guillaume Büchler.

Am zweete Bommeleeër-Prozess war et jo an 1. Instanz zu 5 Fräispréch a just zur Condamnatioun vum Ex-Police-Generaldirekter Pierre Reuland komm: Dee war Enn Februar zu 3 Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt ginn.