"Mir hunn et net fäerdeg bruecht, ënner enger Erwäermung vun 1,5 Grad ze bleiwen." Dat sot de Guterres op engem Sommet zu Belém a Brasilien, wou e Méindeg d‘Weltklimakonferenz ufänkt.
Verschidde Leaderen hunn den amerikanesche President Donald Trump kritiséiert, well hien déi wëssenschaftlech Fakten iwwer de Klimawandel als Bedruch qualifizéiert. Kolumbien a Chile hunn den Trump e Ligener genannt, de brasilianesche President Lula da Silva huet den Trump net mam Numm genannt, mee vun extremistesche Kräfte geschwat, déi falsch Noriichte géife verbreeden.
De brasilianesche President Lula da Silva huet och e Fong fir de Schutz vun de Reebëscher lancéiert. Fir de Start soll de Fong mat 10 Milliarden Dollar dotéiert ginn, a laangfristeg op 125 Milliarde klammen. Norwegen huet 3 Milliarden Dollar zougesot, a Frankräich 600 Milliounen.
Och Copernicus zweifelt drun, datt d'Zil agehale ka ginn
Och den europäesche Klimawandel-Service Copernicus zweifelt staark drun, datt d‘Zil vun 1,5 Grad Äerderwäermung nach kann agehal ginn.
De Mount Oktober war weltwäit deen drëttwäermste jeemools, mat enger globaler Duerchschnëttstemperatur vu 15,14 Grad, also 1,55 Grad iwwer dem preindustriellen Zäitalter.
Mir géifen elo an engem Joerzéngt liewen, wou d‘1,5 Grad Limitt warscheinlech wäert iwwerschratt ginn, esou Copernicus.