arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Anti-Korruptiouns-Verglach: Lëtzebuerg verléiert 3 Plazen a fällt op déi 8. Plaz

National

|
headphones

1 min

Anti-Korruptiouns-Verglach: Lëtzebuerg verléiert 3 Plazen a fällt op déi 8. Plaz

Lëtzebuerg huet am weltwäite Anti-Korruptiouns-Verglach d‘lescht Joer dräi Plazen am Verglach mat virzejoert verluer a rutscht op déi aacht Plaz. Dat geet aus dem entspriechende Ranking vun der Anti-Korruptiouns-Organisatioun „Transparency International“ ervir.

headphones

1 min

© picture alliance / Zoonar | WORAWEE MEEPIAN
(Foto: picture alliance / Zoonar | WORAWEE MEEPIAN)

Weltwäit géif Korruptioun der Organisatioun no iwwerdeems zouhuelen, well rietsnational a populistesch Tendenzen zouhuelen. 

USA op historeschem Déif 

D'USA ass iwwerdeems op déi 29. Plaz weltwäit gerutscht. Dat ass een historeschen Déif. Och a Groussbritannien geet d'Korruptioun ëmmer weider erop, a läit elo op der 20. Plaz. 

Fir déi aachte Kéier hannereneen ass Dänemark op der éischter Plaz. Duerno kommen ënner anerem Finnland, Singapur an Neuseeland. 

Op der leschter Plaz ass de Südsudan, kuerz virun ënner anerem Somalia, Eritrea oder nach de Jemen.