Radioen

On air

Resonanzen  |  Zwee tschechesch Komponisten

play_arrow Live
search

/ Ännerungen an der Maison du Grand-Duc: "Näischt Spektakuläres", sou de Premier

Chamberkommissioun

Ännerungen an der Maison du Grand-Duc: "Näischt Spektakuläres", sou de Premier

De Luc Frieden huet an der Chamber op d’100,7-Nouvelle reagéiert, datt den Directiounscomité vun der Maison du Grand-Duc um Haff u Kontrollméiglechkeete verluer hätt. Am Directiounscomité hätt et wuel zwee Personalchangementer ginn, mee hien hätt keng Decisioune geholl, fir soss eppes z’änneren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Maison du Grand-Duc | © Maison du Grand-Duc play_arrow

 De Luc Frieden huet an der Chamber op d’100,7-Nouvelle reagéiert, dass den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc um Haff u Kontrollméiglechkeete verluer hätt. D’Sam Tanson vun déi gréng sot, de Luc Frieden hätt der zoustänneger Kommissioun erkläert, datt sech eigentlech guer näischt um Fonctionnement geännert hätt. 

No Mëssstänn an der Gestioun um Haff hat de fréiere Premier Xavier Bettel viru Joren eng Reform stëmme gelooss.

Personalchangementer an der Natur vun der Saach

Déi ëffentlech an déi privat Aktivitéite vum Haff si getrennt ginn. Fonctionnairë sinn zoustänneg dofir ginn, fir de gudde Fonctionnement vun der Monarchie ze garantéieren. Wéi annoncéiert gouf, datt et an den nächste Joren en Trounwiessel gëtt, huet de Luc Frieden den Direktiounscomité um Haff ausgewiesselt.

Wuel wär et zu zwee Personalchangementer komm, ma déi wären an der Natur vun der Saach.

Zu strukturelle Changementer géif et awer net kommen, huet d’Sam Tanson d’Aussoe vum Premier erëmginn. Et géif och näischt z’ännere ginn, wat de Fonctionnement ugeet.

Haaptännerunge goufe scho gemaach

Déi nei genannten Haffmarschallin Sasha Baillie sollt mat eraussichen, wie Successeur vum Gilio Fonck als engem vun den Direktere vun der Maison du Grand-Duc gëtt; doriwwer eraus wier et eben e puermol d’Ausso gewiescht, datt sech bis ewell strictement näischt um Haff geännert hätt.

D’Haaptännerunge si scho gemaach ginn, huet de Luc Frieden dann och selwer betount. Den zukünftege Grand-Duc géif kucken, wéi hie seng Ekipp opstellt, an déi nei Hofmarschallin géif déi Ekipp mat opbauen. Dem Premier no géifen an den nächste Wochen a Méint 3 nei Membere vum Direktiounscomité gesicht ginn. Dat wier eng ganz normal Evolutioun an näischt Spektakuläres, seet de Luc Frieden.

"Direktiounscomité funktionéiert"

Op d’Fro no méi Afloss vum Haff op den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc äntwert hien:

"De Maréchal de la Cour ass de Chef vum Direktiounscomité, an donieft gëtt et e Koordinatiounscomité tëscht dem Staatsministère an dem groussherzoglechen Haff, an dee funktionéiert."

De Grand-Duc an den Ierfgroussherzog wieren d’Cheffe vun hirem Haus, an et géif Beamte ginn, déi hinnen hëllefen, sou nach de Premierminister.

Lauschterenplay_arrow