Fir den aktuellen an zukünftege Besoine vun der Ekonomie méi gerecht ze ginn, sollen an Zukunft nei Zorte vun Aktivitéiten an de generelle Bebauungspläng vun de Gemengen - de PAG‘en - zougelooss ginn. Dorënner Recherche an Entwécklung, a Firme-Grënnungen. Virgesinn ass och, datt an den Aktivitéitszone Wunnenge kënne gebaut ginn, déi exklusiv fir d‘Salariéë reservéiert sinn, déi an den Aktivitéitszone schaffen.
Vun 30 op 40 Zaldot:innen
Wat d‘Asätz vun der Lëtzebuerg Arméi am Ausland ugeet, gouf de Regierungsrot säin Accord fir déi maximal Zuel vu Lëtzebuerger Zaldoten a Zaldotinnen am Kader vun de NATO Iwwerwaachungs-Aktivitéiten a Rumänien eropzesetzen. Dat vun 30 op 40 Zaldoten an Zaldotinnen, déi d‘Lëtzebuerger Arméi fir dëse sougenannte „groupement tactique“ zur Verfügung stelle wäert.
EU-Battlegroup
D‘Regierung gouf och hire prinzipiellen Accord fir d‘Participatioun vun de Lëtzebuerger Arméi um sougenannten EU-Battlegroup, de groupement tactique, vun der Europäescher Unioun fir d‘Period 2026-27.