Déi 85. Editioun vum Tour de Luxembourg fänkt de Mëtteg un: Dat mat enger Etapp iwwer 152 Kilometer, mat Depart um zwou Auer um Knuedler an der Arrivée kuerz viru sechs Auer um Fëschmaart.
Bei dëser Etappecourse bis ee Sonndeg hätt d’Sécherheet vun de Coureuren déi héchste Prioritéit, esou am 100,7-Interview de President vum Škoda Tour de Luxembourg Andy Schleck.
Favorit Ben Healy
Donieft wéilt een d’Sponsore vum Tour iwwerall am Land weisen. Dowéinst géif een als Organisateur kucke fir an all Regioun eranzefueren.
“Mir wëllen eng attraktiv Course. Mir wëllen, datt d'Leit erauskommen. Mir sinn net nëmmen eng Vëloscourse. Mir wëllen e Fest sinn, iwwerall, wou mer sinn.”
Säi grousse Favorit fir dëst Joer Gewënner vum Tour de Luxembourg ze gi wier de Ben Healy aus Irland. Dee wier “extreem gutt a Form”, well hie sech drop preparéiert fir d’WM ze gewannen, huet den Andy Schleck erkläert.
Fir grouss Nimm aus dem Vëlossport fir den Tour op Lëtzebuerg ze kréien, dat wier eng grouss Envergure, esou den Organisateur. Déi ganz Organisatioun misst attraktiv sinn.
“Mir si jo keng Course, wou elo enormt Präisgeld ass, wou ee seet, okay do ass eng Ekipp motivéiert, e Coureur motivéiert. Mir sinn eng Course, do kënnt ee fir sech eng Renommée ze maachen. Do wëllt een déi Course am Palmarès hunn.”
Dat ganzt Konzept vun der Organisatioun misst dobäi stëmmen. Dozou géif ënner anerem och eng gutt Stroossequalitéit gehéieren.
Andy Schleck rechent net mat Protestaktioune bei TdL
Zu de rezente Prozenter bei der Vuelta, dem Tour duerch Spuenien, huet den Andy Schleck gesot, datt et esou Aktioune beim Tour de Luxembourg net wäerte ginn.
“Déi Protester beim Tour d’Espagne, déi si jo awer och liéiert mat der Ekipp Israel Premier Tech. Déi ass bei eis net um Depart. (...) Dee Moment, wou eis Invitatiounen, déi sinn d'lescht Joer nach um Tour erausgaangen, do hu mir se natierlech agelueden. Mir hunn d'Chance, datt si net um Depart sinn. Wiere si um Depart, misst ech do och meng Mesuren huelen.”
Pläng fir Dammecourse 2026
No dëser Editioun vum Tour de Luxembourg wëllt den Organisateur domat ufänken och eng Dammecourse beim TdL ze organiséieren. Nach wier dat “guer net konkreet”, mee als Zäithorizont huet den Andy Schleck schonn 2026 genannt.
“Wa mir et maachen, da muss et Sënn maachen. Da muss et och manifest sinn, fir déi nächst Joren an net fir dat nächst Joer. An dofir baue mir dat lues a lues op. An dann hoffen ech, datt mir et d'nächst Joer realiséiert kréien.”
Hie géif dat fir machbar halen, esou den Andy Scheck.
“Ech géif et parallel mat der Männercourse maachen. Also vläicht kommen d'Fraen um dräi Auer un an d'Männer um fënnef oder d'Männer um dräi Auer an d'Dammen um fënnef. Esou eppes ass méiglech.”
Dee 40 Joer ale fréiere Vëlosproffi Andy Schleck ass zënter 2017 President vum Škoda Tour de Luxembourg.