Fir d’Stroossbuerger Riichtere louch an dësem Fall eng Violatioun vum Affekot senger Meenungsfräiheet vir.
Den André Lutgen hat 2019, am Zesummenhank mat engem déidlechen Accident bei ArcelorMittal Déifferdeng en E-mail un een Untersuchungsriichter an un déi deemoleg Justiz- a Wirtschaftsministere Felix Braz an Étienne Schneider geschriwwen. Mat a Kopie d'Procureure générale d’État, d'Martine Solovieff.
Wéinst Aussoen an där E-mail, géint de Riichter, war den Affekot doropshin zu enger Geldstrof condamnéiert ginn. Dat wieren Aussoe gewiescht, déi dem Europäesche Mënscherechtshaff no, allerdéngs net ënnert d’Strofrecht falen.